Infoen & Tools / FAQ / Kann ech de Garage, dee mäin Auto fléckt, selwer auswielen?

Kann ech de Garage, dee mäin Auto fléckt, selwer auswielen?

Dir hutt e Vertrauensverhältnes zu Ärem Garagist opgebaut a sidd mat senge Servicer zefridden. Wann et e Schued un Ärem Auto gëtt, da wëllt Dir dee bei him flécke loossen. Kee Problem! LALUX léisst Iech de fräie Choix a schreift fir den Ofschloss vun engem Reparaturvertrag kee Garage oder Reparateur vir.