Infoen & Tools / FAQ / Mäin Assureur recommandéiert mir eng „Kasko” fir mäin neien Auto. Ass dat obligatoresch?

Mäin Assureur recommandéiert mir eng „Kasko” fir mäin neien Auto. Ass dat obligatoresch?

D'KASKO-Versécherung ass vum Gesetz hier net obligatoresch. Wann et sech awer ëm e Locatiounskontrakt (Leasing) oder ëm en Auto handelt, deen iwwer e Verbraucherkredit finanzéiert gouf, da verlaangt d'Bank eng Vollkaskoversécherung.

Den Ofschloss vun enger KASKO-Versécherung lount sech awer och aus anere Grënn:

  • wann Dir selwer fir den Accident verantwortlech sidd, da ginn d'Schied un Ärem Auto net indemniséiert, wann Dir keng KASKO-Versécherung hutt;
  • am Fall vun engem Accident am Ausland erméiglecht d'KASKO eng séier Indemnisatioun;
  • am Fall vu Fahrerflucht vun deem Verantwortleche kënnt d'KASKO fir d'Schied un Ärem Auto op;
  • wann d'Scholdfro net gekläert ass, musst Dir net d'Enn vun engem laange Geriichtsprozess ofwaarden, fir datt Är Schied reparéiert ginn. Hei gräift d'KASKO-Versécherung.