Infoen & Tools / FAQ / Wéi eng Funktioune bitt LALUX easyAPP?

Wéi eng Funktioune bitt LALUX easyAPP?

Wann Dir ugemellt sidd, kënnt Dir sämtlech Assurancekontrakter beim Grupp LALUX mat den Detailer vun de Garantië consultéieren, genee ewéi den aktuelle Bonus/Malus-Grad an déi Allgemeng a Speziell Versécherungsbedéngungen.

Dir kënnt och Schied am Zesummenhang mat engem Auto oder Ärer Wunneng mellen, Remboursementsdemandë fir Krankeversécherungen areechen, Är perséinlech Coordonnéeë consultéieren an änneren, Är Steiercertificaten oder aner Dokumenter, wéi Attestatioune fir d'Conduite accompagnée oder Haftflichtcertificaten, eroflueden.

N.B.: Net-Liewens- oder Liewensversécherungskontrakter kënnen ausschliisslech vu Privatpersounen (≠ juristesch Persounen/Gesellschaften), déi och de Preneur d'assurance sinn, consultéiert ginn.
Et ass awer méiglech, Krankeversécherungskontrakter ze consultéieren, bei deenen Dir de Preneur d'assurances an/oder den Assuré sidd, wann de Preneur d'assurance vun dësem Kontrakt Ären Employeur ass (Gruppekontrakt).