Infoen & Tools / FAQ / Wéi kann ech LALUX easyAPP benotzen?

Wéi kann ech LALUX easyAPP benotzen?

Fir LALUX easyAPP benotzen ze kënnen, musst Dir fir d'éischt e Kont uleeën, d. h. d'Applikatioun eroflueden an Iech dann aschreiwen.
Domat kënnt Dir als Client vum Grupp LALUX identifizéiert ginn, an et kann eng Verbindung tëscht Ärer Persoun an Ärer Identitéit beim Grupp LALUX hiergestallt ginn.

D'Umeldung an d'Ariichte vun engem Kont leeft a 4 Etappen of:

  1. Dir gitt eng E-Mail-Adress fir d'Aloggen un a loosst déi unhand vum OTP-Code (One-Time-Password), deen op dës E-Mail-Adress geschéckt gëtt, iwwerpréiwen.
  2. Dir gitt Är LALUX-Clientsnummer, Är DKV Luxembourg-Clientsnummer oder eng DKV Luxembourg-Versécherungsnummer un.
  3. Dir wielt eng vun den Handysnummeren aus, déi eise System proposéiert, a validéiert se duerch den OTP-Code, dee per SMS un dës Handysnummer geschéckt gëtt.
  4. Dir leet e perséinlecht Passwuert (dat aus op d'mannst enger Ziffer, engem klenge Buschtaf, engem grousse Buschtaf an engem net-alphabeteschen Zeechen (!, $, %, …) besteet) fest a bestätegt et.