Infoen & Tools / Aktuelles / 2022 / easyAPP Home: den neien Espace Client vum Grupp LALUX
  • easyAPP Home: den neien Espace Client vum Grupp LALUX

    No der Verëffentlechung vun easyAPP am Joer 2021, huet de Grupp LALUX easyAPP Home erschaf, den online Clientsberäich fir LALUX an DKV Luxembourg Clienten. Dësen Espace Client erméiglecht all seng Versécherungskontrakter op enger Plaz ze hunn an ze verwalten. 

    1. Notzer vun der mobiler App brauche keen neie Kont ze kreéieren, et kann ee sech mat de selwechten Donnéeën umellen (Email a Passwuert).
    2. Fir nei Notzer (oder fréier Notz vu lalux for you) ass et absolut néideg enneien easyAPP Kont ze kreéieren(Clientsnummer, Handynummer, Email uginn an e Passwuert wielen)

    Op easyAPP Home kënnt Dir vun enger ganzer Panoplie un digitale Servicer profitéieren: Remboursement vun Dokteschkäschten, Schied mellen, perséinlech Donnéeën änneren oder Dokumenter ufroen (Steiercertificaten, Attestatiounen, ...) an dat alles wärend Dir e privilegiéierte Kontakt mat Ärem Agent behaalt.