Infoen & Tools / Aktuelles / Content Marketing Videoen - #LALUXOfficeTalk & #LALUXShorts
  • #LALUXOfficeTalk & #LALUXShorts

    Entdeckt eis Videoen

    Content Marketing Videoen - #LALUXOfficeTalk & #LALUXShorts

    Praktesch Rotschléi an Tipps ginn, Versécherungsléisungen erklären a gläichzäiteg d'Fäegkeete vun de Mataarbechter ënnersträichen: D'Ziler vun der Videoserie #LALUXOfficeTalk an #LALUXShorts sinn villfälteg.

    D'Videoen, déi mat der Videoproduktiounsagence SKIN produzéiert ginn, ëmfaassen eng breet Palette vun Themen an ënnersträichen d'Expertise vun de Mataarbechter an Agente vum Grupp LALUX: Mobilitéit, Pensiounen, Gesondheet, Digital Servicer...

    D'Videoe goufen schonn 2022 publizéiert a bestinn aus zwee komplementäre Formater:

    • #LALUXOfficeTalk: detailléiert Informatiounen iwwert d'Produiten Versécherungsléisungen, déi vu LALUX ugebuede ginn
    • #LALUXShorts: ganz kuerz Videoen an engem héichkantegen an immersive Format, fir e Produit oder Service op eng kompakt Manéier ze presentéieren.

    D’Iddi vun dësem «Infotainment»-Format ass et sech vun der klassescher Werbung z’ënnerscheeden an dës Videoen op de sozialen Netzwierker zum Virdeel vum grousse Public, also bestehend Clienten, Lëtzbuerger Residenten awer och Leit, déi nei op Lëtzebuerg plënneren, ze deelen. 

    Fannt all eis OFFICE TALK a SHORTS Videoen op der dovir virgesinner Säit
    Dir fannt och all déi aner LALUX Spotten op eisem YouTube Channel.