Infoen & Tools / Aktuelles / easyLIFE Invest for Future – déi responsabel Investitiounsalternativ
  • easyLIFE Invest for Future

    Méi dozou

    easyLIFE Invest for Future – déi responsabel Investitiounsalternativ

    Dir hutt lauter Projeten am Kapp? En Haus kafen oder renovéieren, Fotovoltaik Pannoen oder eng Zär am Gaart installéieren, fir d’Studie vun Ären (Enkel-)Kanner spueren… Hutt Dir schonn dru geduecht fir z’investéiere fir dës ze verwierklechen? Mat easyLIFE Invest for Future musst Dir keen Expert vun der Finanzwelt sinn!

    easyLIFE Invest for Future ass en Investmentproduit mat dem Dir Är Suen tëschent Investitiounsfongen an enger sécherer Komponent kënnt opdeelen. Entspriechend Ärem Investisseurprofil an Äre Besoinen, kënnt Dir tëschent 3 Formele wielen: Safe, Balanced an Dynamic. Dës entspriechen den übleche Risikoniveauen a bestëmmen den Deel vum geschützte Kapital an den Deel, deen a Fongen investéiert gëtt.  

    Dir maacht Iech Suergen iwwer d’Auswierkunge vun Ären Investistiounen op d’Ëmwelt? Mir och! easyLIFE Invest for Future bitt Iech dohier eng interessant a verantwortlech Alternativ, déi Ären etheschen, sozialen an ekologesche Wäerter entsprécht.