LALUX setzt am Kader vun hirem Engagement fir eng nohalteg Zukunft eng kloer RSE-Strategie ëm, bei där de Mënsch, d’Eethik an d’Ëmwelt am Mëttelpunkt stinn.
#LALUXShorts Eis RSE-Strategie
Dat Wesentlecht, kuerz a knapp
Nohalteg Entwécklung wëll eng Welt an där eis aktuell Besoinen zefridde gestallt sinn ouni awer déi zukünfteg Generatiounen a Gefor ze bréngen.
D'RSE oder sozial Verantwortung vun den Entreprisen ass ee Moyen fir dëst ze erreechen. Fir hir Engagementer ze formaliséieren an nohalteg ze gestalten, huet LALUX hir RSE Strategie ronderëm 5 Thematiken opgestallt:
- finanziell Stabilitéit an nohaltege Wirtschaftswuesstum,
- soziaalt Engagement an territorial Verankerung,
- Minimiséierung vun hirem ekologesche Foussofdrock,
- Bekämpfung vun Diskriminatiounen
- a Fërderung vum Wuelbefannen op der Aarbecht.
2022 huet LALUX d'Auszeechnung als responsabel Entreprise vum Institut National pour le Développement Durable et la RSE kritt.
Et ass vill Potenzial an et gëtt vill ze maachen. Begleet eis op eisem Wee.

