RSE,Investéieren verëffentlecht den 22.03.2025
Package Erneierbar Energien: Ofdeckung a Virdeeler am Video erkläert
Blog/Package Erneierbar Energien: Ofdeckung a Virdeeler am Video erkläert

Är ëmweltfrëndlech Installatioune verdéngen e besonnesche Schutz. Dëse Package deckt Är nohalteg Geräter bei Broch, Schied an esou guer bei Akommesverloscht of.

  • Package Erneierbar Energien

    Entdecken

    E méi nohaltegt, gutt verséchert Liewen

    Méi dozou

     

    De Sylvain Gregorius aus dem Departement Commercial erkläert Iech, wéi Dir Är Geräter fir erneierbar Energie hirzestellen beschtens ofséchere kënnt, esou dass Dir am Fall vun engem Schued ideal indemniséiert gitt.

    Op LinkedIn followen:

    Dir hutt Iech endlech dozou entscheet Fotovoltaik-Pannoen op Ärem Daach z’installéieren? Gléckwonsch! Esou wäert Dir Är Immobilie op, verréngert Är Energiekäschten an drot zu enger besserer Ëmwelt bäi! Fir sécher ze sinn, dass Är Investitioun och komplett ofgedeckt ass, denkt drun Ären Agent iwwer d’Installatioun z’informéieren. Hie passt dann d’Versécherungszomm vun Ärer Hausversécherung un. 

    Wann Är Fotovoltaik-Pannoen dann duerch e Feier oder Stuerm beschiedegt ginn, gitt Dir dank easyPROTECT Habitation rembourséiert. Fir awer béis Iwwerraschungen ze vermeiden, kënnt Dir Är Anlagen och mam optionale Package «erneierbar Energien» viru Broch a Materialschued versécheren. Esou ass den Ersatz oder d’Reparatur vun de Geräter, déi fir d’Energieproduktioun zoustänneg sinn, ofgedeckt.

    Zousätzlech ass mat dësem Package och den Akommesverloscht ofgedeckt, falls Är Geräter no engem versécherte Schued keng Energie méi produzéieren. Gutt ze wëssen, oder? Entdeckt all d’Optioune vun der neier easyPROTECT Haus a Wunneng op lalux.lu! 

    Package Erneierbar Energien

    Entdecken

    E méi nohaltegt, gutt verséchert Liewen

    Méi dozou