RSE verëffentlecht den 12.05.2026

DEI Initiativen bei LALUX: Diversitéit, Equitéit an Inklusioun

Blog/DEI Initiativen bei LALUX: Diversitéit, Equitéit an Inklusioun

Vun der Diversitéit bir zur reeller Inklusioun: bei LALUX sinn Atelieren a Mentoring net just eidel Wieder, mee de Grondsteen fir eng human Firmekultur, wou jidderee seng Plaz fënnt.

  • D'Responsabilité Sociale des Entreprises (RSE) bei der LALUX

    Entdecken

    Méi Informatiounen zur RSE

    Méi dozou

     

    Entdeckt wéi LALUX hir Ekippen dank ennger DEI-Demarcheméi inklusiv an human strukturéiert a wéi eng konkret Initiative mir ëmgesat hunn. 

    Op LinkedIn followen:

    #LALUXShorts DEI Moossnamen

    Dat Wesentlecht, kuerz a knapp

    Bei LALUX wëlle mir en Aarbechtsëmfeld schafen, wou jidderee seng Plaz fanne kann.

    Fir dëst ze erreechen, ass DEI: Diversitéit, Equitéit an Inklusioun e wichtege Bausteen.

    Fir dëst Thema opzegräifen hu mir an éischter Linn eng intern Ëmfro gemaach.

    Dëst huet eis e wäertvollen Abléck an eis Firmekultur ginn, eis Stäerkten, mee och Beräicher an deene mir eis nach weiderentwéckele wëllen.

    Doropshin hu mir eng Rei Atelieren organiséiert, mam Zil, iwwer DEI-Theemen ze sensibiliséieren a gemeinsam konkret Aktioune fir d'Zukunft vun der LALUX ze proposéieren.

    Vun engem Mentoringprogramm, iwwert en DEI-Kommitee, deen onofhängeg vun der Firmenhierarchie ass, bis hin zu Sensibiliséierungscoursen, spigelen d'Aktiounen eng grouss Diversitéit un Iddien a Usätz erëm.

    Schlussendlech huet eng intern Konferenz eis d'Geleeënheet ginn,  d'Resultater vun der Ëmfro an den Atelieren ze deelen a jidderengem eng Aféierung an d'Grondprinzipie vun der DEI ze ginn.

    Eist Zil ass et, iwwert eng laangfristeg Demarche méi inklusiv a méi mënschlech Ekippen opzebauen.

    D'Responsabilité Sociale des Entreprises (RSE) bei der LALUX

    Entdecken

    Méi Informatiounen zur RSE

    Méi dozou