Virdeeler, Work-Life-Balance: Entdeckt am Video, wéi LALUX Är Talenter mat konkreeten an nohaltegen Employee Benefits valoriséiert.
#LALUXShorts Employee Benefits
Op engem kompetitiven Aarbechtsmarché, muss ee fir d'Talenter unzezéien an ze halen, konkret Avantagë fir d'Mataarbechter bidden.
Bei LALUX engagéiere mir eis fir d'Sécherheet an d'Geloossenheet vun eise Mataarbechter ze garantéieren, sou wéi mir et och villen anere Patronen iwwer eis Employee Benefits Léisungen ubidden.
Mat dësem Gedanke finanzéiert LALUX een Zousazpensiounssystem fir all Mataarbechter. Dëse garantéiert e finanzielle Supplement fir d'Pensioun an eng Versécherung am Fall vun Doud oder Invaliditéit. D'Mataarbechter kënnen och bis zu 1.200€ pro Joer bäidroen, wat hinnen een direkte steierlechen Avantage erméiglecht.
Zousätzlech, profitéieren d'Mataarbechter gratis vun enger Zousazkrankeversécherung. Dës ergänzt d'Remboursemente vun der CNS a mécht den Zougang zu der bescht méiglecher medezinescher Fleeg méi einfach. Familljemembere kënnen och ënner gënschtege Konditiounen ageschriwwe ginn, ouni e medezinesche Froebou ausfëllen ze mussen.
Gutt geschützt Mataarbechter, bedeit eng méi nohalteg an engagéiert Firma.

