Dir wëllt Är Erspuernesser gewënnbréngend uleeën a gläichzäiteg d’Zukunft vun Äre Léifste virbereeden? Mat easyLIFE Invest for Future kënnt Dir op eng flexibel, nohalteg a verantwortungsbewosst Manéier investéieren, ganz an Ärem Rhythmus, ouni Ären Dagesbudget ze iwwerlaaschten. Profitéiert vun enger personaliséierter Begleedung, fir Är Projeten ze konkretiséieren.
De Laurent Terrens, LALUX Agent, erkläert Iech wéi Dir Är Dreem kënnt verwierklechen an zur Schafung vun enger besserer Zukunft kënnt bäidroen! easyLIFE Invest for Future ass en Investissementsproduit, mat dem Äert Kapital op eng responsabel Aart a Weis investéiert gëtt, zertifizéiert duerch de LuxFLAG Label "ESG-Insurance Product".
#LALUXShorts easyLIFE Invest for Future
Wéi stellt Dir Iech Är Zukunft vir?
Wëllt Dir Är Erspuernesser wuesse loosse fir Är Dreem ze realiséieren?
Oder Äre Kanner hëllefen hir eegen ze verwierklechen?
Dofir musst Dir kee Finanzexpert sinn!
Dësen Dram kënnt Dir Iech mat easyLIFE Invest for Future erfëllen. Heimat kënnt Dir Är Erspuernesser flexibel investéieren, andeems Dir Kapitalschutz an d’Performance vun Investment-Fonge kombinéiert. An dëst op reegelméisseger Basis, an Ärem Rythmus an ouni Impakt op Äre finanziellen Alldag. Sidd berouegt, all Är Investissementer sinn nohalteg a responsabel, dank dem ESG Label vu LuxFLAG.
En plus hutt Dir de fräie Choix vum Béeneficiaire. Domat plangt Dir ganz einfach och Är Successioun.
Zéckt net fir Äre LALUX Agent ëm Rot ze froen. Hien hëlleft Iech gären an Ärer Demarche.

