Et ass net ëmmer einfach, déi richteg Strategie fir Är Erspuernesser oder Investissementer auszewielen. Wann een un déi vill disponibel Supporten denkt, un Äre Placementshorizont an Är perséinlech Ziler – Är Pensioun virbereeden, e Projet finanzéieren oder Äert Kapital mat Gewënn uleeën –, kann et scho mol schwiereg sinn, ze wëssen, wou een ufänke soll.
Fir Iech bei dëse wichtegen Entscheedungen ze begleeden, stäipt LALUX sech op Coanda Simulations, en innovativen digitalen Tool, entwéckelt vun Active Asset Allocation (AAA), enger FinTech, déi um franséischen an um internationale Maart wéinst hire fortschrëttlechen Algorithme fir Simulatiounen an Asset Allocation unerkannt ass. LALUX ass haut den éischten Assureur zu Lëtzebuerg, deen dësen Tool iwwer säi Reseau vu professionellen Agenten ubitt. Coanda Simulations mécht Är Investissementsentscheedunge méi konkreet, méi transparent a méi einfach ze verstoen.
Visualiséiert d’Entwécklung vun Ären Erspuernesser
Ee vun de grousse Virdeeler vu Coanda Simulations ass, datt Dir déi potenziell Entwécklung vun Ären Erspuernesser an der Zäit konkreet visualiséiere kënnt.
Ären Agent kann op der Basis vun de Supporten, déi Dir an d’A faasst, ënnerschiddlech Investissementsstrategië simuléieren. Esou kënnt Dir eng Rei vun Zenarien niefteneen affichéieren a vergläichen, a verstitt besser, wéi eng Auswierkungen Är Entscheedungen ob de Wuesstem vun Ärem Kapital hunn.
Den Tool ëmfaasst sämtlech Investissementssupporten, déi disponibel sinn, a bitt Iech deemno e kompletten a realisteschen Iwwerbléck iwwer all d’Méiglechkeeten.
Och Froen am Zesummenhang mat ekologeschen, sozialen a Gouvernance-Krittäre gi berücksichtegt, fir sécherzestellen, datt Är Investissementsentscheedunge sech mat Äre Wäerter a Preferenzen am Beräich Nohaltegkeet decken. Den Tool bitt dofir eng kloer a liicht verständlech Nohaltegkeetsanalys, an där d’Informatioune vun den Emetteuren zesummegefaasst sinn, fir datt ee besser versteet, wéi all Fong dës Krittären a seng Gestioun abënnt a wéi eng Auswierkunge se op den Investissement kënnen hunn.
Optiméiert Är Altersvirsuerg
Coanda Simulations ass besonnesch nëtzlech, wann et drëm geet, Är Altersvirsuerg ze plangen, egal ob Dir eng Privatpersoun oder en Independant sidd.
Mat de Simulatioune kënnt Dir Är laangfristeg Zukunft besser plangen an Är Strategie optiméieren, fir Är Pensioun ganz entspaant virzebereeden.
Test Är aner Spuerstrategien
Wann Dir un easyLIFE Invest for Future, der nohalteger Léisung mam LuxFLag-Label, interesséiert sidd, dann hutt Dir mat Coanda Simulations d’Méiglechkeet, verschidden Opdeelungen tëscht Supporte mat geschütztem Kapital an Investmentfongen ze testen, déi Ärem Risikoprofil entspriechen.
D’Simulatioune bidden e kloren a realisteschen Iwwerbléck iwwer déi potenziell Performancen an hëllefen Iech, Är Investissementsstrategie op der Basis vun Ären Ziler an Ärer Risikotoleranz unzepassen.
Trefft méi fundéiert Entscheedungen
Coanda Simulations erliichtert den Austausch mat Ärem Agent, andeem den Tool d’Investissementsmechanisme visualiséiert a verständlech mécht. Dës pedagogesch Approche erlaabt Iech, d’Chancen an d’Risiken, déi mat deene verschiddene Placementer verbonne sinn, besser ze verstoen an esou Investissementsentscheedungen ze treffen, déi méi fundéiert a besser op Är perséinlech Ziler ofgestëmmt sinn.
Duerch d’Kombinatioun vun technologescher Innovatioun, Finanzexpertis a personaliséierter Berodung festegt LALUX seng Roll als vertrauenswierdege Partner, fir Iech beim Opbau an der Valorisatioun vun Ären Erspuernesser ze begleeden, haut an am Hibléck op d’Zukunft.
easyLIFE Invest for Future
Entdecken
