Ënnerwee mam Vëlo, der Trottinett oder dem E-Bike? Entdeckt am Video, wéi LALUX Är duuss Mobilitéit mat spezielle Garantië fir Är ëmweltbewosst Trajete schützt.
#LALUXShorts Pack Vëlo an duuss Mobilitéit
Dir deplacéiert Iech reegelméisseg mam Vëlo, E-Bike oder mat der Trottinett? Dës Fortbeweegungsmëttel vun der duusser Mobilitéit sinn zwar praktesch, awer och deier. Firwat se also net effikass schützen?
Wat géift Dir maachen, wann Äre Vëlo geklaut oder beschiedegt géif ginn?
Oder wann Äert Ekipement bei engem Accident zu Schued kéim?
Hei kann den optionale Package „Vëlo an duuss Mobilitéit” vun easyPROTECT Haus a Wunneng wierklech den Ënnerscheed maachen. Wann et zu materielle Schied kënnt, souguer am Fall vu Vandalismus, ginn d'Reparaturkäschte fir Äert Gefier iwwerholl. Och Ären Helm, Är Schutzausrüstung an Är Kleeder gi rembourséiert, wa se beschiedegt goufen.
A well Är perséinlech Sécherheet absolutte Virrang huet, kënnt Dir och eng Assurance fir Persouneschied ofschléissen. Domat sidd Dir am Fall vun engem Accident ofgeséchert.
Profitéiert vun der frëscher Loft a fuert an aller Rou a mat der Gewëssheet gutt geschützt ze sinn. Vill Spaass!

