Liewensversécherungen,Investéieren verëffentlecht den 02.04.2025

Realiséiert Är Projeten mat enger responsabeler Investitioun

Blog/Realiséiert Är Projeten mat enger responsabeler Investitioun

Hutt Dir lauter Projeten am Kapp? Egal ob Dir en Haus renovéieren oder kafen, Solarpannoen installéieren, d’Studië vun Äre Kanner virbereeden oder einfach spuere wëllt, eng responsabel Investitioun kann de Schlëssel zu Ärem Erfolleg sinn. Mat easyLIFE Invest for Future bitt de Grupp LALUX Iech eng zougänglech, flexibel a nohalteg Investitiounsléisung, déi perfekt op Är finanziell Besoinen a Wäerter ugepasst ass.

Firwat easyLIFE Invest for Future?

Dir musst kee Finanzexpert si fir unzefänken ze investéieren! easyLIFE Invest for Future passt sech Ärem Investisseurprofil un, dee mat Hëllef vun engem kuerzen an effikasse Froebou ermëttelt gëtt. Esou kritt Dir e personaliséierte Risikoprofil mat dräi Optiounen:

  • Safe: Maximal Sécherheet fir eng entspaant Spuerléisung
  • Balanced : Eng gutt Mëschung aus Leeschutng a Sécherheet.
  • Dynamic : fir déi, déi méi Rendement sichen

Investéieren gëtt vereinfacht a fir jiddereen zougänglech gemaach, an dat abenger eemoleger Primm vun 1.000€ a Versemente vu 50€ pro Mount.

Flexibel a qualitativ héichwäerteg Spueren

Jee no Ärer Risikobereetschaft hutt Dir de Choix. :

  • D’Optioun Kapitalschutz firmaximal Sécherheet mat reegelméissegen avantagéise «Participations aux Bénéfices »
  • Diversifizéiert Investissementer a Fongen,déi vu renomméierte Partner wéi Spuerkeess Asset Management, Degroof Petercam Asset Management, La Financière de l’Échiquier, Union Investment oder Flossbach von Storch geréiert ginn.

Dir wëllt Är Investitioun upassen? Kee Problem! Dir kënnt wann néideg Är Versementen änneren oder och Kapital erauszéien.

Technologie fir e bessert Verständnis vun Ären Investissementer

Fir eise Clienten ze hëllefen, informéiert Entscheedungen ze treffen, stäipe mir eis op Coanda Simulations, en innovativen digitalen Tool, dee vun Active Asset Allocation (AAA) entwéckelt gouf – enger FinTech-Firma, déi um franséischen an internationale Marché fir hir fortschréttlech Algorithme fir Simulatioun an Asset Allocation bekannt ass.

Dës Léisung erméiglecht eng konkret Simulatioun vum Spuerwuesstum, andeems si den Investitiounshorizont, d'perséinlech Ziler an d'finanziell Kapazitéite vun all Investisseur berécksiichtegt. Si erméiglecht och d’Risiken ze moossen, déi mat all Strategie verbonne sinn, an de Verglach vu verschiddenen Allokatiounen op Basis vun ausgewielten Investitiounsinstrumenter aus enger Rei vu Fongen, déi vu renomméierten Acteure wéi Spuerkeess Asset Management, Degroof Petercam Asset Management, La Financière de l’Échiquier, Union Investment a Flossbach von Storch verwalt ginn.

Eng nohalteg a responsabel Investitioun

Hautesdaags ass et méiglech, nohalteg an ethesch ze investéieren! easyLIFE Invest for Futureass als ESG Insurance Product vu LuxFLAG zertifizéiert a garantéiert eng verantwortlech a nohalteg Approche.

Déi ausgewielte Fonge berécksiichtegen ESG-Krittären (Ëmwelt, Sozial a Gouvernance) an ënnerstëtze Projeten, déi sech un de Prinzippie vun enger nohalteger Entwécklung orientéieren.

 

Är Successioun an aller Rou virbereeden

Preparéiert d’Zukunft vun Äre Léifsten an optiméiert d’Iwwerdroung vun Ärem Kapital. Dir kënnt Är Beneficiairë fräi bestëmmen, an dës kréien d’Erspuernisser séier ausbezuelt, wann Iech eppes geschitt. Zousätzlech ass de Kapitalbetrag zum Schluss vum Kontrakt steierfräi, sou datt Är Léifsten d’ Erspuernisser komplett iwwerdroe kréien.

Perséinlech Berodung

Eis Agente stinn Iech zu all Moment zur Verfügung, fir Iech bei Ärer Investitiounsentscheedung ze hëllefen an op Är individuell Besoinen anzegoen.