Auto verëffentlecht den 10.01.2025

Schützt Äert Gefier mat easyPROTECT Auto: alles doriwwer am Video

Blog/Schützt Äert Gefier mat easyPROTECT Auto: alles doriwwer am Video

Entdeckt d'Assurance easyPROTECT Auto am Video: Garantien, Leeschtungen an Tipps, fir Äert Gefier effikass ze schützen.

  • Secherheet um Steier

    easyPROTECT Auto

    Nëtzlech Rotschléi

    Méi dozou

     

    De Ronny Schmit vum Departement Commercial vum Grupp LALUX mécht mat Iech den Tour vun den Assurancë fir Gefier a Chauffer.

     

    Op LinkedIn followen:

    #LALUXOfficeTalk Assurance easyPROTECT Auto

    All d'Infos an engem Video

    Hutt Dir grad en Auto kaf? Felicitatioun!

    A fir dass Dir an aller Rou fuere kënnt, hutt Dir da schonn iwwer d'Versécherung nogeduecht?

    Mat easyPROTECT Auto vu LALUX kënnt Dir tëschent 3 Formule wielen: Sécurité, Confort a Performance.
    Mee wéi sicht een déi richteg Versécherung eraus?

    Hei sinn e puer Tips.

    Ass Ären Auto schonn e bësse méi al? Dann ass d'Formule Sécurité fir Iech interessant.
    Se deckt déi obligatoresch Haftflicht fir Schied, déi Dir anere verursaacht. Dir kënnt dann nach optional Ofdeckunge bäisetze fir en nach bessere Schutz jee no Äre Besoinen:

    • De Package Déifstall, Naturgewalten a Kollisioun mat engem Déier op der Strooss
    • an de Package Brand a Glasbroch.

    Mat der Formule Sécurité kënnt Dir esouguer eng komplett Kaskoversécherung mat nidderege Franchisen ofschléissen. An dat andeems Dir an engems Äre Portmonni schützt.

    Ass Ären Auto fonkelnei? Da roden ech Iech zur Formule Confort oder Performance fir de komplettste Schutz. Ären Auto ass géint all Zort vu Schued verséchert, ouni Franchisen! Souguer och géint Marderschued a Vandalismus.

    Ausserdem ass mat der Formule Performance Äre Bonus bei Materialschued geschützt, an Dir kënnt vun 3 Taxifaarten Heem pro Joer profitéieren, wann Dir net méi am Zoustand sidd fir ze fueren.

    Fuert Dir elektresch? Da wielt d'Zousazoptioun, déi speziell op d'Protectioun vun der Batterie ausgeriicht ass.

    A schlussendlech kënnt Dir Äre Kontrakt mat op d'Mooss geschneiderten Optiounen upassen. Zum Beispill d'Ofdeckung fir Gepäck a perséinlech Géigestänn oder de Rechtsschutz.

    Wéi eng Formule Dir och wielt, Dir hutt ëmmer den Top Assistance Service 24/7 inclus!
    Am Fall vun enger Pann oder engem Accident schleeft LALUX Ären Auto of a rapatriéiert d'Passagéier. Dir kritt direkt en Ersatzauto zur Verfügung gestallt, sou dass Dir mat Ären Alldag ouni Suerge kënnt viru fueren.

    An nach ee leschten Tip:
    Wësst Dir, dass de Chauffer déi eenzeg Persoun ass, déi ni iwwer hir eege Versécherung geschützt ass?
    E Fuereschutz ass dofir en essenzielle Zousaz. Dëse couvréiert all Kierperschued, deen de Chauffer erleid, esou wéi och medezinesch Käschten, bleiwend Invaliditéit oder och den Doud. Dës Couverture zielt och fir d'Membere vun der Famill.

    Esou, lo si mer zum Schluss ukomm.
    Wann Dir méi Informatioune wëllt, mellt Iech bei Ärem LALUX Agent oder kuckt den detailléierte Verglach vun de Formulen op lalux.lu.
     

    Secherheet um Steier

    easyPROTECT Auto

    Nëtzlech Rotschléi

    Méi dozou