Privatclienten/Assurancen/Auto/Assistance an Depannage vum Gefier – Top Assistance

Assistance an Depannage vum Gefier – Top Assistance

Är Léisung fir Depannage an Ofschleefen

Am Kader vun der Auto-Haftflicht bitt LALUX Iech en Ofschleef- a Récktransportdéngscht un; d'Ofschléisse vun enger Garantie fir materiell Schied ass heifir net néideg.

Mat der Garantie Top Assistance profitéiert Dir vun engem Pannendéngscht, vun Assistance-Leeschtunge fir d’Passagéier a vun engem Ersatzgefier, an dat ronderëm d’Auer, 7 Deeg op 7, souwuel virun Ärer Hausdier, zu Lëtzebuerg, wéi och am Ausland an an alle Länner, déi vun der grénger Kaart ofgedeckt sinn.

A wéi enge Fäll soll een op Top Assistance zeréckgräifen?

De Service Top Assistance kann a ville verschiddene Fäll aktivéiert ginn, hei e puer Beispiller:
  • Pann um Gefier, souguer bei Iech doheem
  • Eidel Batterie, och bei elektresche Gefierer
  • Falscht Tanken (Verwiessele vu Bensinn an Diesel)
  • Schlëssel verluer oder am Gefier vergiess
  • Platten oder Beschiedegung vum Pneu
  • Accident, duerch deen d’Gefier net méi benotzt ka ginn
  • Déifstall oder versichten Déifstall vum Gefier
  • Am Ausland immobiliséiert Gefier (jee no Zon)
  • Depannage vun engem Unhänger oder enger Rulott

easyPROTECT Auto

Devis ufroen

Informatiounsvideo

Erklärungsdiagramm

Wat bitt eis Auto-Assistance?

De Service Top Assistance kann a ville verschiddene Fäll aktivéiert ginn, hei e puer Beispiller:
En Résumé
  Zu Lëtzebuerg (och bei Iech doheem a bis 50 km vun der Grenz ewech): Am Ausland (> 50 km vun der Grenz ewech):  
Ofschleefe: bis an de Garage vun Ärem Choix bis bei den nooste Garage oder Récktransport op Lëtzebuerg, wann d’Reparatur méi ewéi 5 Deeg dauert  
Assistance-Leeschtunge fir d’Passagéier: Wann d’Reparatur méi ewéi 2 Stonnen dauert, direkte Récktransport vun den net verletzte Passagéier op d’Adress vun hirem Choix Wann d’Reparatur méi ewéi 24 Stonnen dauert: Direkte Récktransport vun de Passagéier; ODER Ënnerbréngen am Hotel (bis zu 5 Deeg); ODER Fortsetze vun der Rees (equivalent Prise en charge wéi beim Récktransport) Bei Immobiliséierung > 5 Deeg oder bei Déifstall: Récktransport vun de Passagéier an Ersatzgefier
Ersatzgefier: 5 Deeg, wann d’Gefier immobiliséiert ass; 30 Deeg am Fall vun Déifstall 5 Deeg, wann d’Gefier immobiliséiert ass; 30 Deeg bei Déifstall  
Weiderleede vun dréngende Messagen: Jo och ofgedeckt  

Wéi funktionéiert Top Assistance?

Wann et zu enger Pann oder engem Incident komme sollt, da mellt Iech op der Nummer vum Service Top Assistance, déi Dir an der easyAPP fannt (Rubrik SOS). No Ärer Identifikatioun an enger kuerzer Evaluatioun vun der Situatioun gëtt, wann néideg, en Depanneur beoptraagt, Iech esou séier ewéi méiglech ze hëllefen. Wann d’Gefier net op der Plaz gefléckt ka ginn, gëtt et an e Garage vun Ärem Choix ofgeschleeft.

Jee no Typ vun Tëschefall kënnt Dir en Ersatzauto zur Verfügung gestallt kréien: bis zu 5 Deeg am Fall vun enger Pann oder engem Accident a bis zu 30 Deeg am Fall vun Déifstall.

Wann Dir Käschte fir en Hotel oder Taxi virgestreckt hutt, kënnt Dir Är Beleeger iwwer d’easyAPP areechen, fir e Remboursement unzefroen.
 Op d’easyAPP zougräifen