All Chauffer verdéngt e Schutz, deen en net am Stach léisst Eis Assurancë fir Chaufferen
Assurancë fir Chaufferen
Privatclienten / Assurancen / Auto / Assurancë fir Chaufferen

Assurancë fir Chaufferen

Firwat de Chauffer versécheren?

Wousst Dir, datt de Chauffer déi eenzeg Persoun ass, déi ni duerch hir eegen Auto-Haftflicht ofgeséchert ass?

Eis Chauffer-Garantie an Accident-Garantie - Doud, Invaliditéit an Dokteschkäschten sinn onverzichtbar Zousazversécherunge fir Ären easyPROTECT Auto-Kontrakt.

Am Fall vun engem Verkéiersaccident sinn dës zwou Garantien eng wäertvoll finanziell Hëllef.

Wéi e Versécherungsschutz passt am beschte bei Iech?

Accident-Garantie - Doud, Invaliditéit an Dokteschkäschten

Zousazassurance fir Persounen am Kader vun Ärem easyPROTECT Auto-Kontrakt.

Am Fall vun engem Verkéiersaccident gëtt e Forfait ausbezuelt, deen am Viraus festgeluecht gouf a bekannt ass, ouni Evaluatioun vun den tatsächleche Schied.

Den Assuré bestëmmt am Viraus d'Versécherungszommen a ka wielen, ob d'Leeschtungen a Form vun engem Kapital am Stierffall oder bei permanenter Invaliditéit oder a Form vun enger Dagesindemnitéit vum éischten Dag vun der Hospitalisatioun un an engem Remboursement vun den Dokteschkäschten ausbezuelt ginn.

Chauffer-Garantie

Dës Garantie indemniséiert de Chauffer nom selwechte Modell wéi et d'Haftflicht vun enger Drëttpersoun am Fall vun engem Accident maache géif, nämlech op der Basis vun de Schied, déi tatsächlech entstane sinn.

Ofgedeckt si Kierperverletzungen, mee och d'Käschte vu Behandlungen a Protheesen, de wirtschaftleche Schued duerch eng temporär oder permanent Aarbechtsonfäegkeet, eng temporär oder permanent Atteinte à l’intégrité physique, genee ewéi Schied u Kleeder opgrond vu Persouneschied.

Bei engem Doudesfall, deen op den Accident zeréckzeféieren ass, entschiedegt LALUX de Beneficiaire bzw. d'Beneficiairë fir de wirtschaftleche Schued, deen der Famill entstanen ass, a fir d'Begriefneskäschten.

easyPROTECT Auto

Devis ufroen