Expats verëffentlecht den 01.09.2025
Versécherunge fir Expats zu Lëtzebuerg: Wat ee wëssen muss
Blog/Versécherunge fir Expats zu Lëtzebuerg: Wat ee wëssen muss

Nei zu Lëtzebuerg? Entdeckt d'Spezifizitéite vun der lokaler Versécherung: obligatoresch Autohaftflicht, Haus, Gesondheet a personaliséiert Garantien. Alles wat Dir wësse musst fir déi richteg Versécherung am Grand-Duché ofzeschléissen!

  • Versécherungsléisungen fir Expats an Inpats

    Entdecken

    Nëtzlech Rotschléi

    Méi dozou

     

    D'Noémie Comelli vum Service Kommunikatioun a Marketing vum Grupp LALUX stellt déi wesentlech Versécherunge vir, déi Iech nëtzlech si wann Dir op Lëtzbuerg plënnert. 

    Op LinkedIn followen:

    Sidd Dir grad zu Lëtzebuerg ukomm? Wëllkomm! Elo ass et Zäit, iwwer déi administrativ Prozeduren nozedenken. Ier Dir Ären zukünfteg Versécherung auswielt, kann et nëtzlech sinn, déi spezifesch Ufuerderungen zu Lëtzebuerg ze verstoen. Hei sinn déi wichtegst.

    Fir unzefänken, ass zu Lëtzebuerg just d’Autohaftflicht obligatoresch
    Aner Assurancë sinn awer och duerchaus hëllefräich, dorënner: 


    Dir sollt och wëssen, dass de Service ee vun den Haaptënnerscheeder am Verglach mat Ärem Heemechtsland ass. Hei zu Lëtzebuerg ass Ären Agent vill méi no bei Iech. Hie lauschtert Iech no, beréit Iech an ënnerstëtzt Iech, wann Dir hie braucht. Dat heescht, net nëmme fir Iech d’Versécherung ze verkafen, mee besonnesch och am Fall vun engem Schued. Hien ass ëmmer fir Iech do! 

    D’Präisser kënnen op den éischte Bléck duerchaus immens héich wierken. Awer dofir gëtt et e gudde Grond. Zu Lëtzebuerg si Franchisen zimmlech rar, d’Schied gi besser indemniséiert an d’Delaie si vill méi kuerz. Mat enger lëtzebuergescher Versécherung gëtt et also kee Stress.

    Wat d’Gesondheetsversécherung ugeet, rembourséiert d’CNS (géi gesetzlech Krankekeess) Är medezinesch Käschten nëmmen deelweis. Dofir ass et wichteg, eng Zousazkrankeversécherung ofzeschléissen. Zu Lëtzebuerg hutt Dir de fräie Choix déi ze wielen, déi am beschte bei Iech passt. 

    Wann Dir gäre wëllt berode ginn, kontaktéiert LALUX, mir wäerten Iech en Agent uginn, deen Är Sprooch schwätzt an an Ärer Géigend ass. 

    Gudde Start hei zu Lëtzebuerg. 

    Versécherungsléisungen fir Expats an Inpats

    Entdecken

    Nëtzlech Rotschléi

    Méi dozou