Pensioun,Expats verëffentlecht den 16.12.2025

Debatt iwwer d’gesetzlech Pensioun zu Lëtzebuerg: Erausfuerderungen a Perspektiven am Video

Blog/Debatt iwwer d’gesetzlech Pensioun zu Lëtzebuerg: Erausfuerderungen a Perspektiven am Video

Wéi gesäit d’Zukunft vun der gesetzlecher Pensioun zu Lëtzebuerg aus? An dësem Video ginn d’Erausfuerderungen, déi geplangte Reformen an hire potenziellen Impakt op Är Pensioun kloer erkläert.

  • easyLIFE Pension

    Entdecken

    D’ Limitte vum gesetzleche Pensiounssystem zu Lëtzebuerg

    Méi dozou

     

    Claudia Halmes-Coumont, Directeur vun der LALUX-VIE, erkläert Iech d'Limitte vum gesetzleche Pensiounssystem zu Lëtzebuerg a wisou et wichteg ass seng Zukunft mat Zäite virzebereeden. 

    Op LinkedIn followen:

    #LALUXOfficeTalk D’Debatt iwwer d’gesetzlech Pensioun

    All d'Infos an engem Video

    Momentan ginn d'Cotisatioune vun der aktiver Bevëlkerung vun engem Joer benotzt, fir d'Renten, déi un d'Pensionären ausbezuelt ginn, am selwechte Joer ze finanzéieren.

    Am Duerchschnëtt erméiglechen dës Bäiträg d'Finanzéierung vun enger gesetzlecher Pensioun an der Héicht vu 75 % vum Duerchschnëtt vun der Paie vun der ganzer berufflecher Carrière vun engem Member.

    Et besteet also een Ongläichgewiicht tëscht der Zomm vun de Bäiträg an der Zomm vun den ausbezuelte Renten: Am Duerchschnëtt kritt ee Pensionär bal duebel esou vill wéi de Betrag, dee wärend senger berufflecher Carrière fir heen abezuelt ginn ass.

    Et ass de grousse Wuesstum vun der aktiver Bevëlkerung iwwert déi läscht Joerzingten, deen dem System erlaabt huet bis elo nach net u seng Grenzen ze stoussen. D'Unzuel vun aktive Leit, déi Bäiträg abezuelen, gëtt tatsächlech ëmmer méi grouss am Verglach zu der Unzuel vu Pensionären. De Wuesstum vun der aktiver Bevëlkerung huet et souguer méiglech gemaach eng gewësse Reserv unzeleeën.

    Mee d'Bevëlkerung déi abezilt kann net éiweg weider wuessen. Vun 2027 un ass de Betrag vun den ausbezuelte Pensiounen méi héich ewéi dee vun de Cotisatiounen. Déi bis elo gesammelt Reserve mussen also an Usproch geholl ginn. A vun 2047 u sinn dës Reserve komplett opgebraucht.

    Allerdéngs huet eise Liewensstil sech säit der Aféierung vum gesetzleche Pensiounssystem verännert. Deemools huet déi aktiv Bevëlkerung mat 15 Joer ugefaang mat schaffen an ass mat 60 Joer an d'Pensioun gaangen. Sou hat ee wärend 40 bis 45 Joer abezuelt, wat et erméiglecht huet eng Pensioun fir 5 bis 10 Joer ze finanzéieren.

    Haut läit den Duerchschnëttsalter fir den Antrëtt an d'Beruffsliewe bei 20 bis 25 Joer. Bis ee 60 Joer al ass cotiséiert een also nëmmen nach 35 Joer. Dobäi ass d'Liewenserwaardung vu Pensionäre mëttlerweil méi héisch an et muss ee mat 25 bis 30 Joer Pensioun rechnen. Mat manner Cotisatiounsjore mussen also méi Pensiounsjore finanzéiert ginn.

    D'Politik ass deemno mat gréisseren Erausfuerderunge konfrontéiert, fir de laangfristege Fortbestand vum gesetzleche Pensiounssystem ze garantéieren. Et ass kloer, dass et an deem Beräich zu Entwécklunge komme muss. Fir dëse virzegräifen an Är Pensioun ze sécheren, kënnt Dir selwer d’Saach an d’Hand huelen. Et ginn e puer Léisungen, fir Är Zukunft virzebereeden a vun elo u schonn e Complement opzebauen, deen am richtege Moment ganz nëtzlech wäert sinn.

    Individuell Assurancë wéi easyLIFE Pension sinn e gudde Wee, fir dëst Zil ze erreechen. Si kënnen ausserdeem steierlech ofgesat ginn an erlaben Iech esou all Joer, Steieren ze spueren.

    Och fir Selbstänneger a fir Betriber ginn et passend Léisungen. Frot bei Ärem Employeur no, ob et schonn een Zousazsystem gëtt oder ob dëse kéint ageriicht ginn.

    Jidderee kann deemno op sengem Niveau aktiv ginn a jee no senge Moyenen dozou bäidroen, den Erausfuerderunge vum Pensiounssystem entgéintzetrieden. Frot bei Ärem Agent no, hie beréit Iech gären!

     

    easyLIFE Pension

    Entdecken

    D’ Limitte vum gesetzleche Pensiounssystem zu Lëtzebuerg

    Méi dozou