Sech an engem neie Land nidderzeloossen, kann eng spannend Aventure sinn... awer och eng richteg Erausfuerderung, wann doheem eppes Ongeplangtes geschitt. Als Expat zu Lëtzebuerg hutt Dir vläicht nach keen „Adressebichelchen“ mat Fachleit vun Ärem Vertrauen: Installateur, Schlässer, Heizungstechniker, Elektriker... Wat also maachen, wann de Schlëssel ëm Mëtternuecht am Schlass ofbrécht, wann et sonndes zu enger Waasserfuite kënnt oder Äert Haushaltsgerät Iech matzen an der Aarbechtswoch am Stach léisst?
Et ass grad an esou Situatiounen, wou d’Garantie Home Assistance vuneasyPROTECT Haus a Wunneng, déi iwwer d’Funktioun „SOS” vun der LALUX easyAPP ronderëm d'Auer disponibel ass, Äre reegelrechte Rettungsreef ka sinn.
Firwat ass Home Assistance indispensabel?
Bei klengen Accidenter am Haus oder enger Pann spillt d’Zäit eng wichteg Roll. Wann ee scho laang am Land lieft, brauch een dann nëmme säi gewinnten Handwierker unzeruffen. Mee wann een déi richteg Kontakter nach net huet, ka sech d’Sich no engem zouverlässegen an disponibele Fachmann séier als eng onméiglech Aufgab erausstellen.
Mat Home Assistance braucht Dir nëmmen eng Nummer ze wielen – zu all Dages- oder Nuetszäit – an et gëtt sech ëm alles gekëmmert: d’Organisatioun, d’Interventioun selwer an esouguer, wann néideg, eng Participatioun un den Ersatzdeeler.
Alldeeglech Situatiounen, déi (méi einfach) gerabel ginn:
Iech ass de Schlëssel am Schlëssellach ofgebrach an Dir kommt net méi bei Iech doheem eran?
Är Heizung geet matzen am Wanter futti?
Är Toilette ass verstoppt, an Dir erwaart grad Besuch?
Bei Ärer Wäschmaschinn leeft Waasser eraus?
Äre Frigo funktionéiert op eemol net méi?
D’Garagëpaart ass blockéiert?
oder ... en Harespelsnascht mécht Är Terrass onsécher?
An all dëse Fäll rufft Dir einfach un, a LALUX suergt dofir, datt e qualifizéierten Handwierker bei Iech kënnt. Einfach, séier an ouni zousätzleche Stress.
Wäertvoll Hëllef am Fall vun engem Schued
Home Assistance beschränkt sech net nëmmen op kleng Noutfäll. Och wann Är Wunneng duerch e gréissere Schued onbewunnbar gëtt, begleet LALUX Iech:
Remboursement vum Immobilieprêt (bis zu 12 Méint an engem Héchstbetrag vun 20.000 €)
Organisatioun vun der temporärer Iwwerwaachung vun der beschiedegter Wunneng a séiere Relogement fir Iech an Är Famill
Betreiung vun de Kanner, de fleegebedürftege Persounen an esouguer och vun Ären Hausdéieren
direkt Ofsécherung vum Haus (Zonk, provisoresch Schlässer asw.)
Nëtzlech Informatiounen direkt bei Hand
Als Expat ass et och net ëmmer einfach ze wëssen, wou een an engem medezineschen oder prakteschen Noutfall uruffe soll. Mat Home Assistance kritt Dir zouverlässeg Informatiounen iwwer:
Spideeler an Dokteren, déi Garde hunn
Apdikten, déi nuets oder iwwer de Weekend op sinn
eng séier Vermëttlung vu qualifizéierten Handwierker
En „Don’t worry, BE HAPPY”-Service fir Residenten an Expats!
Wann eppes Onerwaartes geschitt, kann dat heiansdo komplizéiert sinn, besonnesch wann et drëm geet, dréngend en zouverlässege Fachmann ze fannen. Mat Home Assistance verschwënnt dës Suerg. Dir profitéiert vun engem Reseau vu Spezialisten, déi mat gréisster Suergfalt vu LALUX ausgewielt a koordinéiert ginn: Dir braucht bei engem Depannage oder engem Schued net méi selwer no engem zouverlässegen Déngschtleeschter ze sichen.
Home Assistance vun easyPROTECT Haus a Wunneng
Entdecken