Eng Hospitalisatioun ka richteg an d’Geld schloen, egal ob se geplangt war oder ob et en Noutfall ass. Entdeckt, wéi d’Zousazkrankeversécherung vun DKV Luxembourg Iech déi beschte Gesondheetsleeschtunge séchert: Eenzelzëmmer, Chef-Dokter, fräie Choix vum Spidol, Versécherung an Europa an Dagesforfait. Konzentréiert Dir Iech drop, gesond ze ginn, DKV këmmert sech ëm de Rescht.
#LALUXShorts DKV Hospitalisatioun
Hutt Dir scho mol missen an d'Spidol?
Wann dat geschitt, wëll een déi beschtméiglech medezinesch Versuergung kréien, egal ob et eng geplangten Interventioun oder en Noutfall ass. An esou ee Spidolsopenthalt ka séier deier ginn.
Dofier recommandéieren ech Iech eng Zousazkrankeversécherung vun DKV Luxembourg, déi wierklech en Ënnerscheed mécht, fir déi zousätzlech Käschten ofzedecken. Zum Beispill: d'Behandlung duerch de Chefdokter, een Eenzelzëmmer an der éischter Klass, d'Iwwerschreidung vun de gesetzlechen Tariffer vun den Dokteschkäschten, déi fräi Wiel vum Spidol, d'Begleedung vun engem Elterendeel bei Kanner, d'Iwwernuechtung vum Papp bei der Gebuert vum Kand an den Transport mat der Ambulanz an d'Spidol.
Dës Ofdeckung gëllt a ganz Europa an Dir kritt souguer eng kleng deeglech Indemnitéit fir Är Ausgaben wärend dem Spidolsopenthalt.
A wann et esou wäit ass, da kënnt Dir Iech ganz op Är Gesondheet an Erhuelung konzentréieren!

