Präventioun,Gesondheet verëffentlecht den 29.06.2026

Hautkriibs: Alles wat sech verännert, sollt ënnersicht ginn

Blog/Hautkriibs: Alles wat sech verännert, sollt ënnersicht ginn

D’Sonn gehéiert zu eiser Life Balance, fir eis Haut ka se awer och eng grouss Gefor duerstellen. D’Dermatologin Florence Bourlond vum Centre Hospitalier de Luxembourg weist op d’Wichtegkeet vun der Preventioun, der Fréierkennung an den einfache Gesten am Alldag hin, mat deenen een d’Risike vun Hautkriibs reduzéiere kann.

  • D'Gesondheetsversécherungen DKV Lëtzebuerg

    Entdecken

    Alles wat sech verännert sollt ënnersicht ginn: Fréierkennung ka Liewe retten

    Och wann en dacks verharmloost gëtt, den Hautkriibs ass eng vun den heefegste Kriibszorten. En ëmfaasst verschidde Forme mat ganz ënnerschiddlechem Verlaf, vu liicht behandelbare lokaliséierte Lesioune bis hin zum méi aggressiven a potenziell schlëmme Melanom. Wann e matzäit erkannt gëtt, ass en an deene meeschte Fäll heelbar.

    Hautkriibszorte mat ganz ënnerschiddleche Profiller

    Et muss een ënnerscheeden tëschent den Non Melanoma Skin Cancers (NMSC), d. h. allen Hautkriibszorten, bei deenen et sech net ëm e Melanom handelt, an de Melanomen. Zu den NMSC ziele virun allem Basalzellkarzinomen a Plattenepithelkarzinomen, genee ewéi méi seele Forme wéi de Merkelzellkarzinom.

    De Basalzellkarzinomen ass weltwäit déi heefegst Zort vun Hautkriibs a ka scho relativ fréi, am Alter vun 30-35 Joer, optrieden. En hänkt staark vun der Sonnenexpositioun of a betrëfft éischter Leit mat enger heller Haut, déi vill der Sonn ausgesat sinn. Wann e matzäit diagnostizéiert a behandelt gëtt, bilt e keng Metastasen an ass gutt heelbar. Och beim Plattenepithelkarzinomen ass d’Prognos dacks gutt, a seelene Fäll, a wann en iwwer eng länger Zäit vernoléissegt gëtt, kann en awer eng méi schlëmm Form unhuelen an d’Lymphdrüse befalen.

    An da gëtt et nach de Melanom, déi Form, déi am meeschte gefaart ass. En entwéckelt sech aus de Pigmentzellen a kann ausgesi wéi e Schéinheetsfleck, wat den Depistage heiansdo méi schwéier mécht. Bei dëser Zort vun Hautkriibs muss een am meeschten oppassen.

    D’ABCDE-Reegel: eng einfach Orientatioun fir jiddwereen

    Mat der ABCDE-Reegel kann een déi éischt Unzeeche vun engem Melanom erkennen. Si baséiert op fënnef klore Krittären, déi einfach ze verhale sinn.

    • A – Asymmetrie: E Schéinheetsfleck gëtt verdächteg, wa seng zwou Hallschenten net méi d’selwecht ausgesinn a wann e seng reegelméisseg Form verléiert.

    • B – Borden: Oppassen heescht et, wann d’Konturen onreegelméisseg, flou oder onschaarf ginn.

    • C – Colorit (Faarf): Wann e Schéinheetsfleck e puer Faarftéin huet oder d’Faarf wiesselt, ass dat e Warnsignal.

    • D – Duerchmiesser: Eng Lesioun, déi méi grouss gëtt, kann en Indikator sinn, och wann dëse Krittär net fir eng Diagnos duergeet.

    • E – Entwécklung: Dat ass dat wichtegst Unzeechen. Bei all Verännerung vun der Form, der Faarf, der Textur oder dem Ausgesinn soll ee bei den Dokter goen.

    Déi gréisste Risikofacteuren

    De gréisste Risikofacteur sinn déi ultraviolett Stralen, deenen de Mënsch ausgesat ass, sief et beruffsbedéngt oder an der Fräizäit. Betraff si beispillsweis Bauaarbechter, Gäertner, Daachdecker oder Tennistraineren, déi permanent dëse Stralen ausgesat sinn. Dat selwecht gëllt fir verschidde Fräizäitaktivitéite wéi Golf, Seegelen oder Schifueren, wou d’UV-Stralen duerch d’Spigelung verstäerkt ginn an d’Expositioun däitlech erhéijen. Och d’Immunsuppressioun ass e weidere wichtege Risikofacteur, besonnesch bei Patienten, deenen hiren Traitement d’Ofwierkräfte schwächt, an déi doduerch ënner anerem méi en héije Risiko fir Plattenepithelkarzinomen opweisen. Verschidde seele geneetesch Erkrankunge wéi de Xeroderma pigmentosum (Moundschäinkrankheet) bewierken och, datt d’Haut extreem sensibel op UV-Strale reagéiert a vum klengsten Alter u maximal geschützt muss ginn.

    Preventioun: wichteg Gesten am Alldag

    Bei der Preventioun geet et virun allem drëm, d’Expositioun ze limitéieren, ganz besonnesch tëschent 12 a 16 Auer, wann d’UV-Stralen am intensiivste sinn.

    Wann d’Expositioun awer net ze vermeiden ass, da gëtt geroden, Kleeder mat laangen Äerm a Been, en Hutt mat breedem Bord an e Sonnebrëll ze droen, fir esou mann Beräicher wéi méiglech der Sonn auszesetzen.

    Fir Leit, déi dobausse schaffen oder reegelméisseg Sport am Fräie bedreiwen, wéi z. B. Bauaarbechter oder Sportler, mussen dës physesch Schutzmoossname systematesch getraff ginn, well si en effikassen an nohaltege Schutz virun UV-Strale bidden.

    Sonnecrèmë mat ganz héijem Schutzfaktor, souguer SPF 100, fënnt een an der Apdikt. Si eegne sech besonnesch fir Risikopersounen oder Leit, déi schonn eng Kéier Hautkriibs haten. Si bidde verstäerkte Schutz a kënnen e puer Mol den Dag opgedroe ginn, woubäi si ëmmer Deel vun enger globaler Sonneschutzstrategie sollte sinn. Och Beräicher wéi d’Oueren, déi dacks vergiess ginn, musse gutt geschützt ginn.

    Méi Fäll, dofir awer eng besser Fréierkennung

    Weltwäit stellt een haut fest, datt d’Fäll vun Hautkriibs zouhuelen. Dës Entwécklung ass op verschidde Facteuren zeréckzeféieren, dorënner eng Generatioun, déi op Reese méi UV-Stralen ausgesat ass, d’Benotze vu Solariumen an der Vergaangenheet an d’Verbesserung vun den Diagnosméiglechkeeten. De Kriibs gëtt haut éischter detektéiert a kann dofir méi effikass behandelt ginn, wat dozou bäidréit, datt den Ustig vun der Stierflechkeet limitéiert ka ginn.

    Depistage an Opmierksamkeet: e wichtege Reflex

    Et ass onëmgänglech, d’Haut (Är eegen an déi vun Äre Léifsten) reegelméisseg ze ënnersichen an och déi klengste Verännerung als Warnsignal ze deiten. An enger éischter Etapp soll een da bei den Hausdokter goen, deen een, wann néideg, bei en Dermatolog iwwerweist. Campagnë fir den Depistage, wéi d’europäesch Woch vun der Preventioun, droen och dozou bäi, d’Ëffentlechkeet ze sensibiliséieren, och wann déi Bevëlkerungsschichten, déi am meeschte betraff sinn, heiansdo am schwéiersten ze erreeche sinn. Weider Informatioune fënnt een um Site euromelanoma.eu.

    E wichtege Message fir d’Preventioun

    Dee wichtegste Message ass einfach: Eng Verännerung vun der Haut soll een ni op déi liicht Schëller huelen. All Verännerung vun engem Schéinheetsfleck sollt séier vun engem Dokter ënnersicht ginn, well d’Fréierkennung ass a bleift déi bescht Waff géint schwéier Forme vun Hautkriibs.

    D'Gesondheetsversécherungen DKV Lëtzebuerg

    Entdecken