Präventioun,Auto verëffentlecht den 25.02.2026

Noutfall op der Strooss: Wat ass am Fall vun engem Autosaccident ze maachen?

Blog/Noutfall op der Strooss: Wat ass am Fall vun engem Autosaccident ze maachen?

Mat engem anere Gefier zesummeknuppen, an e geparkten Auto rennen, eng Karambolage oder e Schued am Ausland: wann ee mam Auto ënnerwee ass, muss ee leider mat esou Situatioune rechnen. Ze wëssen, wéi Dir am Fall vun engem Autosschued reagéiere sollt, erlaabt Iech, d’Nerven ze behalen, Persounen a Sécherheet ze bréngen, déi gesetzlech Prozeduren zu Lëtzebuerg anzehalen an d’Prise en charge vun Ärer Assurance ze erliichteren. Dëse praktesche Guide begleet Iech bei all Schrëtt.

  • easyPROTECT Auto

    Secherheet um Steier

    Rotschléi, wéi Dir Äre Constat richteg ausfëllt

    Méi dozou

    En Autosschued limitéiert sech net nëmmen op déi siichtbar Schied un engem Gefier. E kann och Auswierkungen hunn:

    • op Är Sécherheet an déi vun deenen anere Passagéier;
    • op Är direkt Mobilitéit;
    • op den Delai an d’Héicht vun Ärer Entschiedegung.

    Déi éischt Decisiounen, déi op der Plaz vum Accident getraff ginn, sinn dacks entscheedend. Wann ee gutt informéiert ass, kann een net nëmme Feeler verhënneren, mee och de Stress limitéieren a seng Rechter als Assuré schützen.

    Schrëtt 1: Déi richteg Reflexer, déi ee bei engem Accident direkt unhuele soll

    D’Plaz vum Accident an d’Persounen, déi dra verwéckelt sinn, ofsécheren, fir e weideren Accident ze verhënneren

    Soubal et zu engem Accident koum, ass déi éischt Prioritéit, u seng eege Sécherheet an un déi vun deenen anere Passagéier ze denken:

    1. Maacht als éischt de Motor aus an déi véier Winkeren un.
    2. Ditt, éier Dir aus dem Auto klammt, Är reflektéierend Warnwest un.
    3. Wann Dir an enger Uertschaft oder op enger Landstrooss sidd, séchert d’Plaz vum Accident of, andeem Dir Äre Warndräieck op enger sécherer a gutt siichtbarer Plaz hannert Ärem Gefier opstellt, fir déi aner Chaufferen ze warnen.

    Installéiert Iech dann op enger sécherer Plaz, wäit ewech vum Verkéier, fir de Constat auszefëllen, zum Beispill op engem Parking oder um Terrain vun enger Tankstell. No engem Accident kënnt et dacks zu engem weideren Accident, well d’Plaz net gutt siichtbar oder net genuch gekennzeechent war.

    Wa Persoune verwonnt goufen, rufft direkt den 112 fir de Rettungsdéngscht an den 113 fir d’Police un.

    Besonnesch Virsiichtsmoossname bei Accidenter op der Autobunn

    Gëlle Reegel: Wann d’Gefier nach fuere kann, dann huelt déi nächst Ausfaart vun der Autobunn oder trefft Iech op der nächster Raststätt, fir a Sécherheet de Constat auszefëllen.

    Wann dat net de Fall ass, da parkt Iech esou riets ewéi méiglech (zum Beispill op der Pannespuer) a maacht déi véier Winkeren un. Op der Autobunn ass et net néideg de Warndräieck opzestellen; dat Wichtegst ass, als alleréischt emol all d’Passagéier a Sécherheet ze bréngen a se vun der Plaz vum Accident an der Fuerbunn ewechzehuelen. Nodeem se hir giel oder orange Westen ugedoen hunn, mussen all d’Passagéier d’Gefier virsiichteg op der rietser Säit verloossen an hannert de Leitplanke waarden. Eréischt da sollt Dir d’Rettungsdéngschter ruffen.

    Wann Dir an engem Tunnel blockéiert sidd, dann ass d’Prozedur genee déi selwecht. Gitt bei déi noosten SOS-Nisch, fir Iech a Sécherheet ze bréngen a benotzt den Noutrufftelefon.

     

    Wichtegen Hiweis :

    Denkt drun, datt et verbueden ass, op ëffentleche Stroossen selwer e Pneu ze wiesselen oder eng Reparatur ze maachen. Probéiert och net, aner Gefierer op der Autobunn unzehalen, andeem Dir op der Fuerbunn oder der Pannespuer verkéiert. Wann Äert Gefier immobiliséiert ass, rufft eng Depanneuse, fir et esou séier ewéi méiglech vun der Plaz fortzehuelen.

    Muss een zu Lëtzebuerg am Fall vun engem Accident ëmmer d’Police ruffen?

    D’Recommandatioune vun der Police Grand-Ducale si kloer: D’Police muss besonnesch an de follgende Fäll geruff ginn:

    • wann et Verletzter, och nëmme liicht Verletzter, gouf oder eng direkt Gefor besteet, da rufft op der Noutfallnummer vun der Police, dem 113, un;
    • wann d’Chauffere sech net eens sinn oder eng Partei de Constat net ënnerschreiwe wëll;
    • bei Farerflucht;
    • wann ëffentleche Besëtz beschiedegt gouf;
    • wann ee vun de Chaufferen ënner Alkohol- oder Drogenafloss ze stoe schéngt.

    Bei engem einfachen Accident mat Materialschied, ouni Blesséierter oder Oneenegkeet, ass d’Agräife vun der Police dogéint net obligatoresch.

    Accident, an deen e Foussgänger, e Vëlos- oder e Motorradfuerer verwéckelt ass: besonnesch virsiichteg sinn

    Bei Accidenter, an déi Foussgänger, Vëlos- oder Motorradfuerer verwéckelt sinn, heescht et, besonnesch gutt opzepassen, well si gëllen als vill méi vulnerabel. Déi kierperlech Konsequenze kënne vill méi schwéier sinn, och wann een d’Verletzungen net direkt gesäit.

    D’Demarchë sinn déi selwecht wéi bei den Autosaccidenter. Spillt an dëser Situatioun ni den Accident erof a rufft direkt d’Rettungsdéngschter (112 oder 113).

     

    Allgemeng Reegel bei Motorradsaccidenter: 

    Beweegt ni eng verletzt Persoun, ausser am Fall vun enger direkter Gefor (Feier, Explosiounsgefor oder Gefor duerch de Verkéier). Dat gëllt och fir den Helm vum Motorradfuerer, deen een net erofhuele soll, éier d’Rettungsdéngschter op der Plaz sinn. Behaalt an der Tëschenzäit d’Persoun am A a berouegt se. All onnéideg Beweegung vum Affer kéint effektiv seng Verletzunge verschlëmmeren.

    Wat maache bei engem Autosaccident am Ausland?

    E Schued am Ausland ka méi komplex schéngen, d’Demarchë sinn awer ganz änlech. Benotzt den europäesche Constat, iwwerpréift, ob d’Land och wierklech op Ärem Versécherungscertificat (déi fréier „gréng Kaart”) steet a kontaktéiert Äre LALUX Agent esou séier ewéi méiglech.

    Fir d’Responsabilitéit an d’Entschiedegung festzestellen, gëllen d’Gesetzer vun deem Land, an deem den Accident geschitt ass, an dat kann heiansdo zu méi laangen Delaie féieren.

     

    Rotschléi, fir Reesen an d’Ausland gutt virzebereeden

    • En europäesche Constat apaken, wann Dir mam Auto fuert oder op der Plaz e Gefier lount: Dat ass ëmmer nach dat Dokument, dat am meeschten unerkannt ass, fir d’Prozeduren ze vereinfachen.
    • Beschaaft Iech déi néideg Dokumenter: Iwwerpréift, ob Dir en internationale Fürerschäi braucht (deen ass ausserhalb vun Europa dacks obligatoresch).
    • Kontrolléiert de Sécherheetsekipement: Informéiert Iech, wéi eng Ekipementer an deem Land, wou Dir hifuert, obligatoresch sinn (z. B. Wanterpneuen, Verbandskëscht).
    • Plangt Ären Trajet am Viraus: Kuckt Iech d’Verkéiersinformatiounen un a renseignéiert Iech iwwer d’Verkéiersbestëmmunge vun de Länner, duerch déi Dir fuert, zum Beispill iwwer Lénks- oder Rietsverkéier, d’Vitesslimitatiounen, d’Virfaarten an déi zoulässeg Promillgrenzen.
    • Fuert defensiv: Respektéiert d’Sécherheetsofstänn a passt op de Kräizunge gutt op.

    Beim Aparke knuppen ech an en Auto, deem säi Besëtzer net op der Plaz ass

    An dëser Situatioun dierft Dir d’Plaz op kee Fall verloossen, well Farerflucht streng bestrooft gëtt.

     

    Wat ze maachen ass:

    1. Séchert d’Plaz of a waart: Parkt Äert Gefier, maacht déi véier Winkeren un a waart e bëssen, fir ze kucken, ob de Besëtzer zeréckkënnt.
    2. Hannerloosst Är Coordonnéeën: Wann de Besëtzer sech net manifestéiert, dann hannerloosst eng gutt siichtbar Notiz (ënnert engem Wischer) mat Ärem Numm, Ärer Telefonsnummer an der Plackennummer.
    3. Rufft d’Police: Et gëtt dréngend recommandéiert, d’Police (113) ze ruffen, fir de Schued festzestellen. Doduerch sidd Dir géint falsch Uschëllegunge vu Farerflucht geschützt.
    4. Maacht Fotoen a fëllt e Constat aus: Gitt fir déi aner Partei „Véhicule en stationnement” (geparkt Gefier) un.

    Schrëtt 2: De Constat ass dat wichtegst Dokument

    De Constat ass d’Basis vum Dossier iwwer de betreffende Schued. En erlaabt den Assureuren, ze verstoen, wat geschitt ass, d’Responsabilitéiten ze evaluéieren an d’Indemniséierungsprozeduren an d’Weeër ze leeden.

    Et ass wichteg, de Constat lieserlech a komplett auszefëllen, soubal all d’Passagéier a Sécherheet sinn. Eng einfach awer prezis Skizz, zesumme mat Fotoe vun der Plaz vum Accident an den implizéierte Gefierer, vereinfacht d’Analys vum Dossier enorm.

    Ënnerschreift ni e Constat, wann deen Ärer Meenung no net den Tatsaachen entsprécht. Notéiert Ären eventuellen Desaccord an der Rubrik „Observations” (Bemierkungen).

    Weider Tipps, fir e Constat richteg auszefëllen, fannt Dir an eisem spezielle Guide.

    De Constat ass ausgefëllt. An elo?

    Soubal Äre Constat ausgefëllt ass, braucht Dir nëmmen deem anere Chauffer ee vun deenen zwee Exemplairen ze ginn. Béid Exemplaire mussen dann un déi jeeweileg Assureure vun de Chauffere geschéckt ginn.

     

    Déi follgend wichteg Dokumenter mussen esou séier ewéi méiglech un Ären Assureur geschéckt ginn:

    • den ausgefëllten an ënnerschriwwene Constat;
    • Fotoe vum Accident, de Schied an der Positioun vun de Gefierer;
    • d’Coordonnéeë vun eventuellen Zeien;
    • e Rapport vun der Police, wann esou een erstallt gouf;
    • e Certificat vum Dokter am Fall vu Verletzungen, och liichter.

    Wat Är Meldung vum Schued méi komplett ass, wat d’Ofwécklung méi séier geet.

     

    Wéi mellt een en Autosschued bei LALUX?

    Kontaktéiert Äre LALUX Agent esou séier ewéi méiglech a loosst him déi néideg Dokumenter zoukommen. Dir kënnt Äre Schued och iwwer d’Departement Indemnisatioun oder iwwer d’App easyAPP oder de Clientsberäich easyAPP Home mellen.

    Wat geschitt no der Meldung?

    Soubal de Schued gemellt ass, analyséiert d’Versécherungsgesellschaft Äre Kontrakt an déi ofgeschlosse Garantien. Jee no Aart an Ëmfang vum Schued kann en Autosexpert domadder beoptraagt ginn, de Schued ze evaluéieren, an ze bestëmmen, ob d’Gefier nach reparéiert ka ginn a wéi héich d’Reparaturkäschte sinn.

    Déi betraffe Versécherungsgesellschafte klären dann, wien den Informatiounen aus dem Constat no verantwortlech ass. Esou gëtt d’Responsabilitéit festgeluecht an da kënnen d’Modalitéite vun der Indemnisatioun bestëmmt ginn.

    Wéi funktionéiert d’Indemnisatioun?

    Materiell a kierperlech Schied, déi Dir eventuell bei enger Drëttpersoun verursaacht, ginn op alle Fall vun der Autohaftflicht iwwerholl, déi fir all motoriséiert Gefier, dat op ëffentleche Stroosse fiert, obligatoresch ass.

    D’Indemnisatioun vun de materielle Schied un Ärem eegene Gefier hänkt dogéint vun de Garantien an Deckunge vun Ärem Autosassurancëkontrakt of.

    Vergläicht déi verschidden Autosassurancëformulen an entdeckt, wéi eng em beschte bei Iech passt.

    Schrëtt 3: Assistance, Depannage an Ofschleefen – Ären Assureur ass fir Iech do

    Autosschied sinn awer net nëmmen op Accidenter begrenzt. Eng Pann, eng eidel Batterie, e futtisse Pneu oder e Feeler beim Tanke kënnen Äert Gefier och immobiliséieren, heiansdo am ongënschtegste Moment. Dofir ass et wichteg, am Viraus mat sengem Assureur ze iwwerpréiwen, ob och eng Pannegarantie am Assurancëkontrakt enthalen ass.

    Top Assistance: direkt Hëllef an engem Noutfall

    Mat easyPROTECT Auto profitéiert Dir automatesch vum Service Top Assistance, deen an alle Formulen abegraff ass. Dëse Service ass 24/7 accessibel a gëllt zu Lëtzebuerg wéi am Ausland, an deene Länner, déi vun der grénger Kaart ofgedeckt sinn.

    Depannage, Ofschleefen a Sécherstelle vun Ärer Mobilitéit

    Wann d’Gefier net op der Plaz reparéiert ka ginn, da gëtt séier en Depannage oder d’Ofschleefen organiséiert. Jee no Situatioun gëtt Ären Auto an eng Garage gefouert oder rapatriéiert.

    Top Assistance këmmert sech och ëm d’Passagéier. Wann d’Gefier méi laang immobiliséiert ass, si Léisunge virgesinn, fir Är Mobilitéit sécherzestellen, zum Beispill:

    • en Ersatzgefier (bis zu e puer Deeg, jee no Ärer Formel);
    • d’Organisatioun vun Ärer Heemrees;
    • eng Hëllef fir ze iwwernuechten, wann dat néideg ass.

    D’Zil ass einfach: verhënneren, datt Dir blockéiert sidd, an Iech erlaben, Iech weiderhin entspaant ze deplacéieren.

    Entdeckt Top Assistance, d’Léisung vu LALUX fir Depannage- an Ofschleefdéngschter, am Detail.

    Feeler, déi een no engem Autosaccident vermeide soll

    Verschidde Feeler ginn ëmmer nees gemaach a kënnen d’Prise en charge erschwéieren:

    • d’Plaz vum Accident verloossen, ouni de Beräich ofzesécheren an ouni e Constat auszefëllen;
    • vergiessen Fotoen (vun no a vu wäit) ze maachen an den Accident korrekt ze dokumentéieren;
    • d’Delaie fir d’Meldung net anhalen;
    • d’Gefier virun der Expertis oder ouni den Accord vun Ärem Assureur reparéiere loossen.

    Egal ob et ëm en Accident oder eng Pann geet, et ass wichteg, déi richteg Reflexer ze hunn. Fir ëmmer gutt preparéiert ze sinn, gëtt recommandéiert, an all Auto Warnwesten (fir all d’Passagéier), e Warndräieck, en Handy (mat enger geluedener externer Batterie) an en eidele Constat bei Hand ze hunn.

    Secherheet um Steier

    La tranquillité au volant

    Rotschléi, wéi Dir Äre Constat richteg ausfëllt

    Méi dozou