Remboursement vu Gesondheetskäschten a vill méi LALUX easyAPP & easyAPP Home
Méi dozou...

easyAPP fir DKV Luxembourg Clienten

Als Client vun DKV Luxembourg, hutt Dir d'Gewunnecht fir vun de prakteschen online Servicer vu yourDKV ze profitéieren: Remboursement vu Gesondheetskäschten, Ufroe fir Prise en chargen vun Spidolsopenthalter, Ännerung vu perséinlechen Donnéeën...

Mir invitéieren Iech elo easyAPP, den neien Espace Client an d'mobil App (iOS, Android) vum Grupp LALUX kennen ze léieren, déi déi selwecht Funktiounen an nach méi ubitt. Geséchert an disponibel op dem Gerät, dat Dir am léifste benotzt, sammelt dëse perséinleche Beräich aéé d'Informatiounen an d'Servicer ronderëm Är Gesondheetsversécherung vun DKV Luxembourg an Ären eventuelle LALUX-Versécherungen.  

OPGEPASST: yourDKV wäert ganz geschwënn net méi accessibel sinn!

D'Haaptvirdeeler vun

Remboursement vun Dokteschkäschten

Profitéiert vun de praktesche Funktioune vun yourDKV och an der easyAPP: frot d'Remboursementer vun Ären Dokteschkäschten un, schéckt Devise fir Behandlunge beim Zänndokter eran oder frot eng Prise en charge fir Äre Spidolsopenthalt un.

Ronderëm d'Auer verfügbar

Profitéiert vun engem einfachen a séieren Zougang zu ville Versécherungsdéngschtleeschtungen, déi Iech vun doheem aus oder weltwäit a ronderëm d'Auer zur Verfügung stinn.

All Är wichteg Dokumenter zentraliséiert

Consultéiert Är Steiercertificaten an Är Versécherungsdokumenter, z. B. déi Allgemeng oder Speziell Versécherungsbedéngungen, direkt an Ärer easyAPP oder frot Är Assuranceattestatioune mat e puer Klicken un.

Schied mellen

Sidd Dir och LALUX Client? Mellt Schied an Ärer Wunneng oder um Auto (mat oder ouni Drëttpersounen) online a setzt Fotoe vun de Schied mat derbäi. Consultéiert den Detail vun de Schied a suivéiert hir Ofwécklung an Echtzäit. 

Séier Hëllef

Bei engem Noutfall kënnt Dir séier an effikass gehollef kréien, andeem Dir déi verschidden Assistance-Servicer vum Grupp LALUX direkt iwwer Är easyAPP urufft: Home Assistance, Top Assistance oder d'medezinesch Assistance vun DKV Luxembourg.

Mat Ärem Agent a Verbindung setzen

Profitéiert vun engem zousätzleche Kommunikatiounskanal mat Ärem LALUX- an/oder DKV-Agent: Kontaktéiert e per E-Mail oder Telefon, geolokaliséiert seng Agence oder maacht direkt e Rendez-vous aus.

E puer Neiegkeete vun easyAPP Home

Eng Garantie bäisetzen

Notzer kënnen an 2 Klicks hirem Kontrakt eng nach net verséchert Garantie bäisetzen an esou hire Versécherungsschutz optimiséieren. 

Suivi a Bezuele vu Rechnungen

Nieft dem Suivi vun de Rechnunge vum Grupp LALUX kënnen d'Notzer hir oppe Rechnungen an e puer Mausklicks bezuelen

E Schued vervollstännegen

Notzer kënnen och nodeems e Schued gemellt gouf, weider Informaiounen (Fotoen, Deviser, PV,…) mat LALUX deelen.

E virausgefëllte Constat bestellen

Et ass elo méiglech iwwer easyAPP fir all verséchert Gefier e Constat ze bestellen, dee scho mat Äre perséinlechen Donnéeën ausgefëllt ass.

Informatiounsvideoen

easyAPP & easyAPP Home

Remboursements DKV

Comment se connecter

Hutt Dir eng Fro doer braucht Ënnerstëtzung?

Consultéiert d'FAQen iwwer easyAPP, déi nei mobil App vum Grupp LALUX, an entdeckt, wéi Dir Äre Kont kreéiert, wéi een an der App navigéiert, wéi eng Informatiounen ugewise kënne ginn, wéi eng Funktionalitéiten an Zukunft wäerten derbäikommen asw.

FAQ LALUX easyAPP

Eng Fro zu der mobiler App LALUX easyAPP?

Consultéiert d'FAQen iwwer den neie Clientsberäich vum Grupp LALUX an entdeckt, wéi Dir Äre Kont kreéiert, wéi een doduerch navigéiert, wéi eng Informatiounen ugewise kënne ginn, wéi eng Funktionalitéiten an Zukunft wäerten derbäikommen asw.

FAQ easyAPP Home

Eng Fro zum Clientsbersäich easyAPP Home?

Wéi identifizéiert ee sech?

… op easyAPP an easyAPP Home

Nodeem Dir d'easyAPP am App Store oder op Google Play erofgelueden hutt oder wann Dir Iech fir d'éischte Kéier op der Umeldungssäit vun easyAPP Home befannt, musst Dir obligatoresch e Kont ariichten, d. h., Iech „aschreiwen”, fir datt de Grupp LALUX Iech als Client identifizéiere kann.

Et ass wichteg ze wëssen, datt d'easyAPP an easyAPP Home net mat Ärem yourDKV Kont verbonne sinn: Dir kënnt Iech also net direkt mat Ären ale Konnexiounsdonnéeën umellen!

Hei sinn déi verschidden Etappe vun der Umeldungsprozedur:

  1. Gitt eng gülteg E-Mail-Adress un a konfiméiert se
  2. Gitt Är DKV-Versécherungsnummer un (als LALUX Client, kënnt Dir och Är LALUX Clientsnummer uginn)
  3. Iwwerpréift Är Handysnummer
  4. Leet e Passwuert fest

En easyAPP Kont ariichten