Infoen & Tools / FAQ / Firwat gi verschidde Kontrakter vu mir net a mengem easyAPP Home-Clientsberäich ugewisen?

Firwat gi verschidde Kontrakter vu mir net a mengem easyAPP Home-Clientsberäich ugewisen?

Aktuell ginn déi follgend Assurancekontrakter op easyAPP Home ugewisen:

Net-Liewensversécherungen: easyPROTECT, easyPROTECT Pro (nëmme fir Privatpersounen), Schued-, Onfall- an divers Haftflichtversécherungen an d'Kontrakter „Vacances Sans Soucis”.

Liewensversécherungen: All d'Zorte vu Kontrakter ginn ugewisen, mat Ausnam vun deenen, déi grad ausbezuelt ginn.

DKV-Kontrakter: D'Krankeversécherungskontrakter, bei deenen Dir de Preneur d'assurances an/oder den Assuré sidd, wann de Preneur d'assurance vun dësem Kontrakt Ären Employeur ass (Gruppekontrakt).