Infoen & Tools / FAQ / Kann den Expert mech och selwer kontaktéieren, fir e Rendez-vous auszemaachen a mäin Auto kucken ze kommen?

Kann den Expert mech och selwer kontaktéieren, fir e Rendez-vous auszemaachen a mäin Auto kucken ze kommen?

Natierlech kann den Expert Iech och selwer kontaktéieren, mee fir säin Optrag effikass ausféieren ze kënnen, ënnersicht hien den Auto léiwer an engem Garage. Do verfüügt hien net nëmmen iwwer dat professionellt Equipement, z. B. eng Hebebühne, fir sech eng genee Virstellung vun de Schied ze maachen, déi manner accessibel sinn, mee och iwwer eng Ekipp vu Mecanicienen, fir Stécker erofzehuelen an esou eventuell verstoppte Schied siichtbar ze maachen.

Ausserdeem kritt hien do op der Plaz d'Präisser an d'Liwwerzäite fir Ersatzstécker an d'Zuel vu Stonnen, déi warscheinlech fir d'Reparatur ënnert deene beschte Konditiounen néideg sinn, matgedeelt.