Infoen & Tools / FAQ / Wat ass ze maachen, wa kee vun deenen zwee Chaufferen e Constat dobäihuet?

Wat ass ze maachen, wa kee vun deenen zwee Chaufferen e Constat dobäihuet?

Wa kee vun deenen zwee Chaufferen e Constat derbäihuet, da benotzt einfach e wäisst Blat an notéiert all d'Informatioune fir d'Rubricken „Assuré”, „Chauffer”, „Gefier” an „Assureur”, genee ewéi d'Ëmstänn vum Accident. A vergiesst virun allem net d'Ënnerschrëfte vu béide Parteien.

Suergt deemno dofir, ëmmer e Constat an der Händschekëscht vun Ärem Auto oder bei den Autospabeieren ze hunn. Wann Dir keen hutt, da frot ee bei Ärem Assureur oder direkt bei LALUX  (groupeLL@lalux.lu)un. Dir kritt e gratis.