Infoen & Tools / FAQ / Wat bezeechent een als Wäertsaachen a wéi si se verséchert?

Wat bezeechent een als Wäertsaachen a wéi si se verséchert?

De Begrëff „Wäertsaachen” ëmfaasst:

  • Bijouen, Statuen, Tableauen, wäertvoll Raritéite mat engem Eenzelwäert vu mindestens 550 EUR (Index 100; Verbraucherpräisindex);
  • Sammlunge vun Timberen, Mënzen, Medailen, Postkaarten, Gravuren, Teppecher, Pelzer, mat engem Eenzel- oder Sammlungswäert vu mindestens 1.100 EUR (Index 100; Verbraucherpräisindex);
  • antik Miwwelen, mat engem Eenzelwäert vu mindestens 2.200 EUR (Index 100; Verbraucherpräisindex).


D'Versécherungszomm fir all déi uewen definéiert Wäertsaachen zesummen ass op maximal 40 % vun der Versécherungszomm fir Miwwele begrenzt. Fir Bijouen eleng däerf se 20 % vun der Versécherungszomm fir Miwwelen net iwwerschreiden.