Infoen & Tools / FAQ / Wat kann ech a mengem easyAPP Home-Clientsberäich maachen?

Wat kann ech a mengem easyAPP Home-Clientsberäich maachen?

Sämtlech Assurancekontrakter beim Grupp LALUX mat den Detailer vun de Garantië consultéieren, genee ewéi den aktuelle Bonus/Malus-Grad an déi Allgemeng a Speziell Versécherungsbedéngungen.

Schied am Zesummenhang mat engem Auto oder Ärer Wunneng mellen, Remboursementsdemanden am Kader vu Krankeversécherungen areechen, Är perséinlech Coordonnéeë consultéieren an änneren, Är Steiercertificaten oder aner Dokumenter, wéi Attestatioune fir d'Conduite accompagnée oder Haftflichtcertificaten, eroflueden.

easyAPP Home bitt awer och nach eng Rei vun neie Funktiounen un:
eng Garantie bei e Kontrakt derbäisetzen, de Bezuelintervall änneren, Rechnunge consultéieren a bezuelen, e lafenden Dossier iwwer e Schued ergänzen, all d'Donnéeën iwwer Är Persoun, Bankverbindungen an Är Famill consultéieren an aktualiséieren, e Constat, dee scho mat Ären Donnéeën ausgefëllt ass, ufroen, eng Reesversécherung online ofschléissen.

N.B.: Net-Liewens- oder Liewensversécherungskontrakter kënnen ausschliisslech vu Privatpersounen (≠ juristesch Persounen/Gesellschaften), déi och de Preneur d'assurance sinn, consultéiert ginn.
Et ass awer méiglech, Krankeversécherungskontrakter ze consultéieren, bei deenen Dir de Preneur d'assurances an/oder den Assuré sidd, wann de Preneur d'assurance vun dësem Kontrakt Ären Employeur ass (Gruppekontrakt).