Infoen & Tools / FAQ / Wat sinn d'Etappe, fir sech eng éischte Kéier unzemellen?

Wat sinn d'Etappe, fir sech eng éischte Kéier unzemellen?

Fir Iech eng éischte Kéier an Ären neien easyAPP Home-Clientsberäich aloggen ze kënnen, musst Dir fir d'éischt en aktiven easyAPP-Kont hunn.

Heifir hutt Dir 2 Méiglechkeeten:
1) Gitt op d'Login-Säit easyapphome.lalux.lu a klickt ënnen um Bildschierm op „S'inscrire” (Umellen).
2) Luet d'mobil Applikatioun easyAPP (Android oder iOS) erof a klickt op „S'inscrire” (Umellen)

Fir Iech unzemellen an Ären easyAPP-Kont ze kreéieren, musst Dir d'ANB (Allgemeng Notzungsbedéngungen) akzeptéieren. Duerno sinn déi follgend Etappe virgesinn:

1. Gitt Är E-Mail-Adress un an dann den eemolege Code (OTP), deen op dës E-Mail-Adress geschéckt gëtt.
2. Gitt Är LALUX- oder DKV-Clientsnummer un.
3. Bestätegt Är Telefonsnummer a gitt den eemolege Code (OTP) un, deen op dës Nummer geschéckt gëtt.
4. Wielt e perséinlecht Passwuert aus (dat aus op d'mannst enger Ziffer, engem klenge Buschtaf, engem grousse  Buschtaf an engem net-alphabeteschen Zeechen (!, $, %, …) besteet) a  bestätegt et.

Lo ass Äre Konto fäerdeg ageriicht, an Dir kënnt e benotzen, fir Iech an Ären neie Clientsberäich an an der mobiller App easyAPP anzeloggen!