Infoen & Tools / FAQ / Wéi eng Assurancë ginn op easyAPP Home ugewisen?

Wéi eng Assurancë ginn op easyAPP Home ugewisen?

An Ärem Clientsberäich ginn nëmmen déi Risiken ugewisen, déi mat engem lafende Kontrakt ofgedeckt sinn: Schuedversécherung, Haftflichtversécherung, Liewens- a Gesondheetsversécherung.
Et gi weeder zukünfteg Kontrakter nach fréier Kontrakter (gekënnegt, ausgesat oder ofgelaf) hei ugewisen.

Grondsätzlech ginn all d'Donnéeën an Echtzäit aktualiséiert, mat Ausnam vu verschiddene perséinlechen Donnéeën, déi fir d'éischt intern iwwerpréift musse ginn, éier se ëmgesat ginn (dëst ka max. 48 Stonnen daueren). Wann Dir en Agent hutt, gëtt dësen iwwer all Ännerungen, déi e lafende Kontrakt betreffen, informéiert.

N.B.: Fir datt all d'Informatiounen ëmmer gutt zeréckverfollegt kënne ginn, gitt Dir ëmmer per E-Mail informéiert, wann eng Ufro fir d'Ännerung vun Äre perséinlechen Donnéeën iwwer Äre Kont agereecht gëtt. Donnéeë wéi d'Wunnadress, de Gebuertsdatum oder d'Nationalitéit kënnen nëmme mat der Geneemegung vun Ärem Agent geännert ginn, well dës Donnéeën ënner Ëmstänn en Afloss op Är Assurancekontrakter hunn.