Infoen & Tools / FAQ / Wéi kann ech easyAPP Home benotzen?

Wéi kann ech easyAPP Home benotzen?

Fir LALUX easyAPP Home benotzen ze kënnen, musst Dir fir d'éischt e Kont uleeën, d. h. Iech umellen.
Sou kënnt Dir als Client vum Grupp LALUX identifizéiert ginn, an et kann eng Verbindung tëscht Ärer Persoun an Ärer Identitéit beim Grupp LALUX hiergestallt ginn.

D'Umeldung an d'Ariichte vun engem Kont leeft a 4 Etappen of:
1. Gitt Är E-Mail-Adress un an dann den eemolege Code (OTP), deen op dës E-Mail-Adress geschéckt gëtt.
2. Gitt Är LALUX- oder DKV-Clientsnummer un.
3. Bestätegt Är Telefonsnummer a gitt den eemolege Code (OTP) un, deen op dës Nummer geschéckt gëtt.
4. Wielt e perséinlecht Passwuert aus (dat aus op d'mannst enger Ziffer, engem klenge Buschtaf, engem grousse Buschtaf an engem net-alphabeteschen Zeechen (!, $, %, …) besteet) a bestätegt et.

Wichtegen Hiweis: Et gëtt nëmmen een eenzege Kont, fir sech op easyAPP Home (Clientsberäich um Computer) an op easyAPP (mobil Applikatioun) anzeloggen. Wann Dir easyAPP deemno schonn um Smartphone benotzt, kënnt Dir Iech mat deene selwechte Login-Donnéeën aloggen!