Infoen & Tools / Aktuelles / 2022 / Noelle Gerin, nei Responsabel fir nohalteg Entwécklung bei LALUX Assurances
  • Noelle Gerin

    Responsabel vun der nohalteger Entwécklung

    Noelle Gerin, nei Responsabel fir nohalteg Entwécklung bei LALUX Assurances

    Zanter e puer Wochen zielt LALUX mam Noelle Gerin an hire Reien eng Persoun, déi fir nohalteg Entwécklung zoustänneg ass. D'Noelle ass vu Formatioun Juristin an zanter 2018 beim Grupp LALUX. A sengem Privatliewen ass hatt staark am Veräinswiesen engagéiert a setzt sech, ënner anerem, fir méi sozial Gerechtegkeet an Inklusivitéit an. E Gespréich mat enger engagéierter Fra.

    Wéi kéint een d'Begrëffer ESG, RSE an nohalteg Entwécklung enger Persoun erklären, déi sech guer net domat auskennt?

    Bei der „RSE” oder der sozialer Verantwortung vun den Entreprisë geet et ëm d'Ëmsetzung vun den nohaltegen Aktiounen, déi eng Entreprise an d'Liewe geruff huet, wärend d'Ofkierzung „ESG” d'Ëmwelt-, Sozial- a Gouvernance-Krittäre bezeechent, déi d'Entreprise mat abezéie muss, fir hir RSE-Politik ze bestëmmen an ze evaluéieren. Den Ëmweltkrittär moosst den direkten oder indirekten Impakt vun der Entreprise op d'Ëmwelt, de soziale Krittär den Impakt op déi bedeelegt intern an extern Acteuren, d. h. d'Mataarbechter, mee och d'Clienten, d'Fournisseuren asw. De Gouvernance-Krittär analyséiert iwwerdeems, wéi eng Entreprise organiséiert ass a gefouert gëtt. D'Grondiddi vun der RSE ass, dovunner auszegoen, datt all Entreprise eng Verantwortung a Bezuch op de Kontext, am wäitste Sënn, an deem si existéiert an täteg ass, dréit. Et geet a Wierklechkeet drëm, op wéi eng Manéier eng Entreprise zu den Enjeue vun der nohalteger Entwécklung bäidréit.

    De Wirtschaftsmodell vun der nohalteger Entwécklung baséiert sengersäits op enger „Entwécklung, déi déi haiteg Besoinen erfëllt, ouni d'Fäegkeet vun zukünftege Generatiounen, hir eege Besoinen ze erfëllen, ze kompromettéieren” [1]. D'Existenz vun eisem Planéit mat all senge Bestanddeeler, och de Mënschen, berout op Liewenszyklen, an esou ass d'Nohaltegkeet näischt anescht ewéi d'Fäegkeet vun eise mënschleche Gesellschaften, dës Zyklen onbegrenzt weiderzeféieren. Et muss ee sech effektiv dorunner upassen a mat hinne koexistéiere kënnen. Eisen aktuelle Wirtschaftsmodell baséiert awer op der Hypothees, datt d'Ressourcë vun eiser Welt onbegrenzt sinn an ni op en Enn ginn. Par définition ass dëse Modell deemno net nohalteg, well déi meescht Rostoffer net erneierbar an d'Regeneratiounskapazitéite vun den natierleche Ressourcë begrenzt sinn. Traditionell baut nohalteg Entwécklung op dräi Pilieren op, déi ee vun deem aneren ofhängeg sinn:

    • de soziale Pilier: de Mënsch, d'Erfëllung vu senge Grondbedierfnesser an de Respekt an de Schutz vu senge Rechter
    • den ekologesche Pilier: d'Erhale vum Planéit a sengen Aarten
    • de wirtschaftleche Pilier: Zougang zu Wueren an Déngschtleeschtungen, fir mënschewierdeg liewen ze kënnen, ouni eise Stock vu Ressourcen a Gefor ze bréngen.

    En nohaltegen Entwécklungsmodell ass deemno wirtschaftlech effikass, sozial gerecht an ekologesch vertrietbar.

    En ass onëmgänglech, fir d'Iwwerliewe vum Planéit a senge Bewunner ze sécheren.

     

    Wat ass deng Motivatioun, fir dech vollzäit der Thematik RSE ze widmen?

    Ouni Zweiwel meng déif Iwwerzeegung, datt esou eng Demarche onëmgänglech ass, fir net nëmmen zum Iwwerliewe vun eisem Planéit a senge Bewunner, mee och zu deem vun eisem Business bäizedroen.

    De Mënsch steet menger Meenung no am Mëttelpunkt an en dréit aktiv zu de Schied bäi, déi verursaacht ginn, sief et um Niveau vun der Ëmwelt oder awer am sozialen oder ekonomesche Beräich. Dat Positiivt dorunner ass awer, datt en deemno och Ännerungen erbäiféiere kann, e wierklechen Afloss huet an Deel vun „der Léisung” ass. Am Beräich vun der RSE hat LALUX an de leschte Jore scho villes ëmgesat, vill Initiativen an Demarchen, déi Sënn erginn a kohärent sinn. Et goung deemno drëm, dat alles ze formaliséieren a sech konkreet an offiziell fir d'Zukunft ze engagéieren.

    D'RSE-Demarche bei LALUX ze formaliséieren, eng RSE-Strategie an en entspriechenden Aktiounsplang festzeleeën, gëtt mir d'Méiglechkeet, e gewëssen Impakt op d'Liewe vun der Entreprise an op hiert Ëmfeld ze hunn a meng Wäerter a perséinlech Iwwerzeegungen a meng Aarbecht anzebréngen. Et ass haut effektiv fir eng Entreprise kaum nach vertrietbar - souwuel moralesch wéi eethesch - net op de Wee vun enger nohalteger Entwécklung ze goen. Ausserdeem gëtt et eng ganz Rei vu Reglementatiounen, besonnesch op europäeschem Plang, déi scho bestinn oder deemnächst verabschit ginn, déi sech mat dësem Theema befaassen an an Zukunft zum Beispill verschidde Reportinge verlaange wäerten.

    Zum Fortschrëtt bäizedroen an eng reell, éierlech an nohalteg Verännerung erbäizeféieren, ass dat, wat mech dozou bruecht huet, mech der RSE ze widmen.