Infoen & Tools / Aktuelles / Déi 5 Piliere vun der RSE-Strategie vum Grupp LALUX
  • Noelle Gerin

    Responsable du Développement Durable

    Déi 5 Piliere vun der RSE-Strategie vum Grupp LALUX

    D'Noelle Gerin, déi nei Responsabel fir nohalteg Entwécklung vu LALUX, presentéiert eis d'Haaptachse vun der RSE-Strategie vum Grupp.

    De Prozess, fir hir RSE-Demarchen (Responsabilité Sociale des Entreprises - sozial Verantwortung vun den Entreprisen) ze formaliséiere war fir LALUX eng gutt Geleeënheet, fir hir RSE-Strategie festzeleeën.

    An Zukunft wäerte sech all eis Aktiounen ëm déi follgend 5 grouss Thematiken dréien:

     

    (1) Finanziell Stabilitéit an nohaltege Wirtschaftswuesstum

    Bei dëser éischter Thematik geet et drëm, finanziell Stabilitéit an en nohaltege Wirtschaftswuesstum oprecht ze erhalen an ze garantéieren.
    Nëmmen esou kënne mir eis Haaptmissioun erfëllen: eis Clientë géint déi Risiken ofsécheren, fir déi si eng Assurance ofgeschloss hunn.

    (2) Soziaalt Engagement an territorial Verankerung

    Déi zweet betrëfft eist soziaalt Engagement an eis territorial Verankerung. Si gehéieren zanter Joerzéngten zu eiser DNA, well mir ënnerstëtze vill lokal Wueltätegkeetsorganisatiounen a Sportsveräiner. Hei fannt Dir e puer Beispiller vun eise gréisste Sponsoringaktiounen.

    (3) Minimiséierung vun eisem ekologesche Foussofdrock

    Déi drëtt Thematik befaasst sech mat der Minimiséierung vun eisem ekologesche Foussofdrock. Déi véier Haaptachse sinn d'Moossen an d'Reduktioun vun eisen CO2-Emissiounen, den Ausgläich vun eisen negativen Impakter, eng responsabel Gestioun an d'Reduktioun vun den Offäll an d'Digitaliséierung vu verschiddenen Demarchen a Prozesser.

    (4) Bekämpfung vun Diskriminatiounen

    Déi véiert Thematik ass drop ausgeriicht, Diskriminatiounen ze bekämpfen a vulnerabel Gruppen ze schützen. Souwuel intern wéi och extern heeschen d'Stéchwierder hei Diversitéit, Inklusivitéit, Schutz a Bienveillance.

    (5) Fërderung vum Wuelbefannen op der Aarbecht

    Déi lescht Thematik riicht sech ausschliisslech un eis Mataarbechter a betrëfft d'Fërderung vum Wuelbefannen op der Aarbechtsplaz. Well d'Qualitéit vun eise Servicer staark vun der Produktivitéit vun eise Mataarbechter ofhänkt, ass et eis wichteg, en angeneemt a gesond Aarbechtsëmfeld ze schafen, fir esou déi kierperlech a mental Gesondheet vun eise Mataarbechter am A ze behalen an ze fërderen.