Fannt déi richteg Hausversécherung fir Iech mat an nëmmen e puer Klicks!
Et ass net ëmmer einfach, déi richteg Hausversécherung fir seng Besoinen a säin Doheem ze fannen. Haus oder Appartement? Locataire oder Proprietär? Vill mam Vëlo ënnerwee, reegelméisseg an der Vakanz oder Aueresammler…? All Situatioun ass eenzegaarteg - an Är Hausversécherung sollt et och sinn!
Dofir huet LALUX en einfachen, intuitiven an interaktiven digitalen Tool entwéckelt, deen Iech hëlleft, Är Besoinen z'identifizéieren andeems Dir op spezifesch Froen äntwert.
Mat nëmmen e puer Klicks entdeckt Dir esou déi Formule vun easyPROTECT Haus a Wunneng, déi am Beschte bei Iech an Äre Liewensstil passt.
Dëse prakteschen Tool guidéiert Iech Schrëtt fir Schrëtt an hëlleft Iech, déi wesentlech Garantië besser ze verstoen, fir Äert Doheem, Är Saachen, Är Fräizäit ze schützen.
Entdeckt elo eisen interaktive Guide a fannt Är ideal Ofdeckung!