Pensiounsreform: wat ännert sech am Joer 2026
Gutt Noriichte fir Är Zukunft an Är Steieren!
Am Kader vun der neier Pensiounsreform huet d'Lëtzebuerger Regierung eng Erhéijung vum Plaffong vun den Héchsbeträg fir déi privat Altersvirsuerg vun 3.200 € op 4.500 € pro Joer a pro Persoun decidéiert (Artikel 111bis L.I.R).
D'Zil ass kloer: den drëtte Pilier vun der Pensiounsversécherung ze fërderen. Duerch d'Erhéijung vun dësem Plaffong wëll d'Lëtzebuerger Regierung d'eegestänneg Initiativ fërderen an de Leit erméiglechen, méi Zousazkapital fir hir Pensioun opzebauen, wärend d'Steierbelaaschtung weider reduzéiert gëtt.
Wann Dir schonn en individuelle Pensiounsplang hutt, kënnt Dir vun dëser Reform profitéieren, andeems Dir de Betrag vun Äre Versemente pro Joer upasst, fir den neie Maximum vu 4.500 € ze erreechen.
Wann net, hutt Dir nach Zäit, e Pensiounsplang wéi easyLIFE Pension ofzeschléissen a vun der neier Reform ze profitéieren.
Fannt eraus, firwat et wichteg ass, haut schonn Är Pensioun zu Lëtzebuerg virzebereeden!