Tipps,Auto verëffentlecht den 17.02.2026

Constat Autosaccident: praktesche Video fir Iech ze hëllefen, Feeler ze vermeiden

Blog/Constat Autosaccident: praktesche Video fir Iech ze hëllefen, Feeler ze vermeiden

E Verkéiersaccident? Keng Panik. Eisen Expert erkläert Iech Schrëtt fir Schrëtt, wéi e Constat amiable ausgefëllt gëtt, wéi Dir heefeg Feeler vermeit an Är Rechter effikass verdeedege kënnt.

  • Bei engem Accident e Constat ausfëllen

    Entdecken

    Nëtzlech Rotschléi

    Méi dozou

     

    Marc Sprenger, Inspekter am Service Indemnisatioun, erkläert Iech wisou et wichteg ass am Viraus ze wësse wéi ee säi Constat d’accident richteg ausfëllt, well am Fall vun engem Accident huelen d’Emotiounen oft d’Iwwerhand.

    Op LinkedIn followen:

    #LALUXOfficeTalk Bei engem Accident e Constat ausfëllen

    All d'Infos an engem Video

    Wann een an en Autosaccident verwéckelt ass, ass et ganz normal, dass d’Emotiounen d’Iwwerhand kënnen huelen. Dofir ass et wichteg, sech schonn am Viraus mam Constat d’Accident vertraut ze maachen, fir dass Dir am Fall wou genau wësst, wéi Dir dëse sollt ausfëllen.

    Dat Wichtegst ass, dass Dir Iech ausser Gefor befannt iert Dir de Constat ausfëllt. Ee Constat besteet aus 2 Originaler, wou déi éischt Säit duerch den Drock vum Bic beim Ausfëllen automatesch op déi zweet Säit iwwerholl gëtt. Esou huet all Partei en identescht Exemplar fir sengem Assureur ze ginn.

    Pro Accident muss also just een eenzege Constat ausgefëllt ginn. De Constat freet allgemeng Informatiounen zum: Datum, der Plaz an d’Auerzäit, de Blesséierten, de Materialschied, déi net um Auto sinn, den Zeien, dem genauen Oflaf, an den Donnéeë vun den implizéierte Parteien.

    Da gëtt et pro Partei eng Kolonn A a B, wou Donnéeë gefrot ginn zu: der Versécherter Persoun, dem Auto, der Versécherungsgesellschaft, an dem Chauffeur. All dës Informatiounen sollt Dir esou präzis wéi méiglech ausfëllen. Et ass och egal, wiem seng Donnéeën an der Kolonn A oder B stinn. Am beschten ass et och eng Skizz vum Accident ze zeechnen, fir dem Assureur den Oflaf vum Accident ze verdäitlechen a mat engem Feil d’Plaz vun de Schied ze vermierken.  Och Fotoe vun de Schied sinn hëllefräich.

    Wann déi 2 Parteie mam Inhalt vum Constat averstane sinn an een dem anere seng Donnéeë kontrolléiert huet,  da kënnt Dir en ënnerschreiwen. No der Ënnerschrëft dierf och näischt méi op der éischter Säit vum Constat geännert ginn.

    Wann Dir net mat deem d’accord sidd, wat drop steet, da sollt Dir net ënnerschreiwen. Och dann net, wann een Iech dozou drängt. An esou Fäll sinn eventuell Zeie ganz wichteg. D’Assureure probéieren dann dono d’Scholdfro ze reegelen.

    Am beschte sollt een de Constat direkt op der Plaz mat der anerer Persoun zesummen ausfëllen. Nëmmen esou kënnt Dir sécher sinn, dass Dir déi genee Ëmstänn beschtens beschreiwe kënnt an näischt am Nachhinein verdréint ka ginn.

    Denkt och drun e Constat mat ze huelen, wann Dir mam Auto an d’Vakanz fuert oder e Locatiounsauto op Ärer Vakanzendestinatioun lount. Dee Constat, deen Dir vu Lëtzebuerg aus kennt ass nämlech gülteg a ganz Europa! Falls Dir awer emol sollt kee Constat bei Hand hunn, soll een am beschten d’Police kontaktéieren. 

    Iwwer d’easyAPP vu LALUX kënnt Dir och e personaliséierte Constat mat Ären Donnéeën ufroen! 
    Elo awer virun allem eng gutt Faart an natierlech ass Äre LALUX-Agent fir Iech do, wann Dir hie braucht.

     

    Bei engem Accident e Constat ausfëllen

    Entdecken

    Nëtzlech Rotschléi

    Méi dozou