Ëmmer méi dacks kënnt et zu wiederbedéngten Evenementer, déi Schued verursaachen. Schützt Är Wunneng an Äre Besëtz géint Schied duerch Iwwerschwemmungen.
Georges Poorters, LALUX an DKV Luxembourg Agent, erkläert Iech, firwat jidderee sech mam Thema vun den Iwwerschwemmungen beschäftegte soll. Stuerm, staarke Reen, an dofir och Iwwerschwemmungen, kommen leider och ëmmer méi dacks an eisem Land vir. Dobäi sinn si och net méi nëmmen u bestëmmte Joreszäite gebonnen!
#LALUXShorts Couverture Iwwerschwemmungen
Braucht Dir eng Versécherung géint Iwwerschwemmungen? “Natierlech”, soen elo all déi Leit, déi an der Géigend vun engem Floss oder enger Baach wunnen, a wou en Héichwaasser effektiv d‘Gebai kéint ënner Waasser setzen.
Mee et sinn net just déi grouss Iwwerschwemmungen, déi et op déi éischt Säit vun den Zeitunge packen, déi een hei sollt a Betruecht zéien.
- Wann Dir zum Beispill op engem Terrain wunnt, deen an engem Hang léit oder wou de Buedem esou beschafen ass, datt e vum Ree kéint verformt oder ewechgerappt ginn, da bedenkt, dass och eng Buedemsenkung oder een Äerdrutsch zu gréissere Schied kënne féieren.
- D’selwecht ass et, wann iergendeen Zougang zou Ärem Haus sou op oder ënnert dem Niveau vum Buedem läit datt d’Uwerflächewaasser kéint an Äert Haus eralafen. Dat z.B. eng Garagëpaart, eng Entréesdier oder enger Terrassendier.
- An zu gudder Läscht, ënnerschätzt och net de Réckstau aus dem ëffentlechen Kanal!
Wann et laang a staark genuch reent an eng gréisser Zuel vu Gebaier gläichzäiteg vill Waasser mussen ofleeden, dann ass et kloer dass och dee beschtdimensionéierten Kanal an der Strooss iergendwann u seng Grenze kënnt an d’Ofwaasser sech een anere Wee muss sichen, am schlëmmste Fall duerch Är Wunneng ! Et ass egal, ob et duerch Zoufall ass oder duerch de Klimawandel, mee sou Situatiounen sinn an den leschte Joren ëmmer méi heefeg ginn. D'Fro, ob een sech géint Iwwerschwemmunge sollt verséchere oder net, ass eng, déi hautdesdaags judderee sech sollt stellen, nët just déi Leit, déi an der Géigend vun engem Floss wunnen.

