Tipps,Präventioun verëffentlecht den 14.10.2025
Iwwerschwemmungsschutz: Alles, wat Dir musst wëssen am Video
Blog/Iwwerschwemmungsschutz: Alles, wat Dir musst wëssen am Video

Iwwerschwemmungen trieden ëmmer méi heefeg op a kënne vill Schued uriichten. An dësem Video gitt Dir gewuer, wéi Dir Äert Doheem an Är Famill beschtens virbereeden an esou schlëmme Konsequenzen entgéint wierke kënnt. Och weider Tipps, wat Dir wärend an no enger Iwwerschwemmung maache sollt, kritt Dir hei erkläert.

  • Couverture Iwwerschwemmungen

    Entdecken

    Iwwerschwemmungsschutz: wat maache bei staarkem Reen?

    Méi dozou

     

    De Pascal Ruault, professionellen Agent, erkläert Iech wat Dir maache kënnt, fir Schied bei enger Iwwerschwemmung zu limitéieren. E praktesche Guide iwwer wat Dir virun, wärend an no enger Iwwerschwemmung maache kënnt. Iwwerloosst näischt dem Zoufall. Sidd preparéiert!

    Op LinkedIn followen:

    Probleemer mat Iwwerschwemmungen huet een net just an der Géigend vu Flëss. Eng Garage déi méi déif läit, e Keller… Heiansdo geet e klenge Stuerm duer
    fir de Waasserniveau ze erhéijen. D'Schied kënne bedeitend sinn. Mee Dir kënnt se limitéieren.

     

    Fir unzefänken, hei wat Dir kënnt maache virun enger Iwwerschwemmung:

    Wann Dir baut, wielt Ären Terrain geziilt aus.

    Wunnt Dir schonn an enger Risikozon, dann ekipéiert Iech:

    • Iwwerschwemmungsbarriären, zum Beispill. De Staat bitt souguer Subventiounen fir dës Schutzmoossnamen.
    • Stellt Ären Noutfallkit zesummen: e puer Sandsäck, eng Waasserpompel, eng Täscheluucht an eng extern Batterie.
    • Vergiesst Är Medikamenter net, en Éischt-Hëllef-Kit, e puer Kleeder an engem waasserdichte Kuerf, eng Reserv un Drénkwaasser an e puer net-vergänglech Liewensmëttel.
    • Haalt Är wichteg Dokumenter op enger sécherer Plaz oder scannt se.

    Och mat all de Virsiichtsmoossnamen kënnt Dir eng Iwwerschwemmung net verhënneren. Awer Dir kënnt d'Konsequenzen dovunner limitéieren. Hei ass eng gutt Versécherung e wichtege Partner, fir Äert Haus an Ären Auto

    Am Fall vun enger Iwwerschwemmung, schéckt Iech de Service "LU-ALERT" vun der Regierung eng SMS soubal et eng Gefor gëtt. Et ass un Iech, séier ze reagéieren.

     

    Wann de Waasserstand eropgeet, sinn déi richteg Reflexer essentiel:

    • Lauschtert op déi offiziell Instruktiounen
    • a vermeit onnéideg Risiken.
    • Schalt Gas, Waasser a Stroum of.
    • Maacht Dieren a Fënsteren dicht a leet Är Wäertgéigestänn méi héisch.
    • Gitt net a Raim eran, déi ufälleg fir Iwwerschwemmungen sinn.
    • Verloosst Äert Haus nëmmen, wann et néideg ass
    • a virun allem, fuert net mam Auto.
    • An am Fall vun enger direkter Gefor, sicht Schutz op den ieweschte Stäck a waart drop, dass d'Noutdéngschter ukommen.

    No enger Iwwerschwemmung, kontrolléiert als éischt ob et jidderengem gutt geet. Är Léifsten, Är Hausdéieren.
    Ier Dir botzt, maacht Fotoen oder filmt alles. Dëst ass wichteg fir Är Entschiedegung!
    Als Locataire, informéiert Äre Proprietär direkt.

     

    Opgepasst:

    Schalt ni de Stroum oder Gas un ouni professionell Kontroll, a schützt Iech mat Händchen a Stiwwelen beim Botzen.
    Wann néideg, kënnen d'Noutdéngschter intervenéiere fir d'Waasser ofzepompelen.

     

    Schlussendlech, denkt drun: 

    Iwwerschwemmunge kommen ouni Virwarnung. Mee Dir kënnt Iech virbereeden.
    En Noutfallkit, déi richteg Reflexer, eng adaptéiert Versécherung. Dräi Pilieren fir effektiv domat ëmzegoen.
    An alle Fäll, ass Äre LALUX Agent do fir Iech beim Deklaréiere vun Ärem Schued  ze hëllefen.

    Couverture Iwwerschwemmungen

    Entdecken

    Iwwerschwemmungsschutz: wat maache bei staarkem Reen?

    Méi dozou