Tipps,Liewensversécherungen verëffentlecht den 30.11.2023

Berodungsvideo: Wéi wielt een d’Beneficiairë vun enger Liewensversécherung richteg aus?

Blog/Berodungsvideo: Wéi wielt een d’Beneficiairë vun enger Liewensversécherung richteg aus?

Verstitt, wéi wichteg de Choix vun de Beneficiairë bei enger Liewensversécherung ass. Entscheet Iech fir eng nominativ oder eng qualitativ Benennung a passt Äre Choix ganz einfach iwwer d’LALUX easyAPP un, fir Är Léifsten ze schützen.

  • D'Liewensversécherunge vu LALUX

    Entdecken

    D'Liewensversécherungen erkläert

    Méi dozou

     

    De Choix vun de Beneficiairen a senger Liewensversécherung ass oft mat enger héijer emotionaler Charge verbonnen. Entdeckt mam Yoan Thiry, Responsable Vie collective ULK bei LALUX-VIE, d'Rotschléi fir seng Beneficiairen esou ze wielen, dass een evitéiert seng Léifst an onangeneem Situatiounen ze bréngen. 

    Op LinkedIn followen:

    #LALUXOfficeTalk Beneficiairë bei der Liewensversécherung

    All d'Infos an engem Video

    Eng Liewensversécherung ass e Spuerproduit mat deem ee sech op laang Dauer e Kapital opbaue kann. Si bitt awer och en effektive Wee fir säi Verméigen ze transferéieren, virun allem och duerch d'Ernennung vu Beneficiairen am Kontrakt.

    Hei sinn d'Reegelen, ob déi Dir beim Choix vun de Beneficiairë vun Ärer Liewensversécherung oppasse sollt. De Beneficiaire ass déi Persoun, déi e Recht op d'Kapital huet, also déi Persoun, déi dee gespuerte Montant ausbezuelt kritt. Am Erliewensfall vun der versécherter Persoun ass et dacks dës Persoun selwer, d.h. deen, deen de Kontrakt ofgeschloss huet. Am Doudesfall vun der versécherter Persoun, kritt en Drëtten d'Kapital ausbezuelt. De Choix vun dëser Persoun ass oft mat enger grousser emotionaler Charge verbonnen.

    Wee wielt de Beneficiaire aus? Et ass eleng de Preneur d'Assurance, deen de Beneficiaire bestëmmt. Hie kann eng oder e puer Persounen auswielen.

    Wéini ginn d'Beneficiairë gewielt? Dëse Choix kann zu all Moment gemaach ginn: beim Ofschloss vun der Versécherung oder wärend dem Kontrakt.

    Wie sinn d'Beneficiairen? Am Allgemengen, leede sech d'Beneficiairen am Doudesfall aus enger klassescher Devolutioun of, d.h. de Partner oder d'Kanner asw.

    Ech roden heivun nëmmen da vun dëser Bestëmmung ofzewäichen, wa se wierklech net gewënscht ass. An dësem Fall hutt Dir zwou Méigleckeeten: Op der enger Hand, eng nominativ Bezeechnung: Dir nennt d'Beneficiairë spezifesch mam Numm.

    Opgepasst! Dës spezifesch Benennung passt sech net automatesch un, wann sech Är Liewenssituatioun ännert, ausser Dir denkt drun Äre Kontrakt ze änneren. Ugeholl, d'Mme XY gouf mam Numm als Beneficiaire vum Preneur d'assurance genannt, well si zu deem Moment bestuet waren.

    Wann si dann am Fall vum Doud vun der versécherter Persoun net méi seng Fra sollt sinn, ass et trotzdeem nach ëmmer si, déi dee gespouerte Montant kritt. En änleche Risiko besteet, wann ee säi Kand benennt: wann dono nach Kanner op d'Welt kommen, kann et sinn, dass déi näischt kréien. Eng Bezeechnung mam Numm muss also reegelméisseg iwwerpréift ginn, fir sécher ze goen, dass si ëmmer Ärem aktuelle Choix entsprécht.

    Déi aner Méiglechkeet ass eng qualitativ Bezeechnung. An dësem Fall gëtt eng Funktioun oder eng Roll definéiert, wéi zum Beispill, de Partner oder d'Kanner am Allgemengen ouni hiren Numm ze nennen. Heibäi gëtt d'Entwécklung vun Ärer Situatioun berécksiichtegt, ouni dass Dir Äre Kontrakt ännere musst.

    Fir déi viregt Beispiller zeréck ze huelen: am Fall vun enger neier Hochzäit, ass deen neie Partner de Beneficiaire, a wann Dir nach Kanner kritt, ginn si all berécksiichtegt.

    Dir kënnt ganz einfach nokucken, wien Är Beneficiairë sinn, an dat an der easyAPP vu LALUX. Denkt drun, dass Dir bei all gréisser Liewensentwécklung, wéi enger Hochzäit, Scheedung oder Gebuert, kontrolléiert, dass déi vun Iech genannte Persounen nach ëmmer déi sinn, déi Dir wëllt. Dir kënnt Är Beneficiairen zu all Moment an esou oft wéi Dir wëllt, gratis änneren. Esou evitéiert Dir fir Är Léifst an onangeneem oder delikat Situatiounen ze bréngen.

    Wëllt Dir méi Informatiounen zu de Liewensverécherunge vu LALUX? Eis Experte si fir Iech do!

    D'Liewensversécherunge vu LALUX

    Entdecken

    D'Liewensversécherungen erkläert

    Méi dozou