Als Elteren zu Lëtzebuerg frot Dir Iech, wéi Dir d’Käschte vun Äre Kanner hire Studien am beschten am Viraus plange kënnt? Et ginn haut einfach, flexibel a steierlech interessant Spuerléisunge fir d’Studien ewéi zum Beispill easyLIFE Education, mat deenen Dir Är Kanner haut schon ënnerstëtzen an hir Zukunft entspaant virbereede kënnt.
Eng Spuerléisung, déi sech un Äert Liewen upasst an net ëmgedréint
„Ech wëll Veterinär ginn.”, „Ech gi Kach!”. D’Kanner denken haart iwwer hir Zukunft an et muss ee schmunzelen. Well een am Fong genee dat selwecht wëll wéi si: eng fräi, erfëllten Zukunft, déi hiren Dreem entsprécht. An da ginn d’Dreem awer séier vun der Realitéit ageholl: Studiegeld, d’Käschte vum Studenteliewen, e Studium am Ausland ... De Parcours ka séier zu enger finanzieller Erausfuerderung ginn, besonnesch, wann een net am Viraus eng Léisung geplangt huet.
Mat EasyLIFE Education stellt Dir Iech ganz einfach e Studiespuerplang op d’Mooss zesummen. Dir bestëmmt:
- de Betrag, dee gespuert gëtt
- d’Heefegkeet vun de Versementen (all Mount, Trimester oder Joer)
- den Datum, op deem d’Suen un Äert Kand ausbezuelt ginn (mat 18, 20 oder 25 Joer).
All dat an engem flexibele Kader, dee bei Är Projeten an Är jeeweileg Familljesituatioun passt. A wann Är Finanze sech änneren, kënnt Dir Äre Kontrakt zu all Moment upassen.
Do sinn, och wann een dat net méi kann
Et verdrängt een et gär, mee zu der Roll vun den Eltere gehéiert och, un all Eventualitéiten ze denken.
Dofir schützt easyLIFE Education Äert Kand och esouguer no Ärem Doud oder am Fall vun Invaliditéit.
D’Kapital gëtt un d’Kand ausbezuelt, egal wat geschitt. Dat ass eng zousätzlech Sécherheet, déi keen Effort am deegleche Liewe verlaangt.
Steierlech Virdeeler, déi dacks vergiess ginn
Wat vill Leit net wëssen, ass, datt ee mat dëser Zort vu Spueren och seng Steierlaascht reduzéiere kann. D’Primmen, déi Dir abezuelt, kënne bis zu engem Betrag vu 672 € pro Joer a pro Member vum Stot vun de Steieren ofgesat ginn. Jee no Ärer Situatioun kënnen dat bis zu 45 % vun der investéierter Primm sinn, déi nees an Är Täsch zeréckfléissen.
Haut plangen, muer dovunner profitéieren
easyLIFE Education, dat ass wäit méi ewéi just e Versécherungsproduit! Et ass en Engagement fir d’Zukunft vun Ärem Kand. Liicht zougänglech, flexibel a berouegend, heimat kënnt Dir en zolitte Projet op d’Bee stellen, Schratt fir Schratt, ouni Drock.
Schenkt Ärem Kand d’Fräiheet, seng Zukunft ze bestëmmen, ouni finanziell Grenzen. Mat easyLIFE Education leet Dir haut de Grondsteen fir seng Reussite.