Präventioun,Gesondheet verëffentlecht den 27.10.2025
Fraen a Männer: ongläich a puncto Gesondheet
Blog/Fraen a Männer: ongläich a puncto Gesondheet

Sinn d’Fraen dat schwaacht Geschlecht an der Medezin? Gewosst ass op alle Fall, datt d’Geschlecht en Afloss op d’Diagnos an op d’Behandlung vu ville Krankheeten huet. D’Frae liewen zwar ëmmer nach méi laang ewéi d’Männer, si liewen an eisem Land awer och manner Jore bei gudder Gesondheet.

  • D'Gesondheetsversécherungen DKV Lëtzebuerg"

    Entdecken

    E statistesche Rapport iwwer d’Liewe vun de Fraen am Grand-Duché, deen de STATEC 2023 verëffentlecht huet, seet aus, datt der Lëtzebuerger Regierung no d’Liewenserwaardung vun de Frae bei 85 Joer an déi vun de Männer bei 81,7 Joer loung. D’Männer liewen allerdéngs méi laang bei gudder Gesondheet (bis 64 Joer) ewéi d’Fraen (62 Joer), genee wéi an de skandinavesche Länner, a Portugal an an Holland. An aneren europäesche Länner ass de Géigendeel de Fall. 

    Lëtzebuerg läit deemno op der 16. Plaz op europäeschem Niveau, ënnert dem europäeschen Duerchschnëtt (65 Joer). Op Malta liewen d’Fraen am längste bei gudder Gesondheet, a Lettland am kierzten. 

    D’Opkomme vun enger geschlechtsspezifescher Medezin

    Mam Verständnis vun dësem Ecart tëschent de Geschlechter a Bezuch op d’Gesondheet (fir Fachleit den „Gender Health Gap”) befaasst sech esouguer eng geschlechtsspezifesch Medezin, déi zanter e puer Joer ëmmer méi opkënnt an drop ausgeriicht ass, dofir ze suergen, datt Ënnerscheeder tëschent Männer a Fraen an der Fuerschung, der Preventioun an der Behandlung berücksichtegt ginn.

    Wärend enger ganz laanger Zäit war de Mann effektiv de Standardpatient an d’Frae ware vu villen Etüden ausgeschloss, och bei neie Medikamenter, déi exklusiv oder gréisstendeels bei Männer getest goufen. Mam Resultat, datt de Fraen hir spezifesch Besoine bis haut nach ëmmer net genuch berücksichtegt ginn. Esou weess een ënner anerem, datt Fraen, déi zum Beispill vun Endiometrios betraff sinn, vill Jore leiden, éier eng Diagnos gestallt gëtt.

    Zanter 2017 gëtt et eng europäesch Direktiv, déi d’Gläichheet an der klinescher Fuerschung fërdere soll. Trotz dëse Fortschrëtter sinn d’Fraen awer weiderhin ënnerrepresentéiert. An och d’Entwécklung vun der kënschtlecher Intelligenz stellt en Däiwelskrees duer, well si stäipt sech op déi verfügbar Donnéeën ... an deenen d’Männer iwwerrepresentéiert sinn. D’Geschicht vum Hong a vum Ee, deemno.

    En aneren Autismus bei de Fraen

    Rezente Recherchë vun der Fakultéit fir Geeschtes-, Erzéiungs- a Sozialwëssenschafte vun der Universitéit Lëtzebuerg no sinn esou zum Beispill Erkrankungen aus dem Autismus-Spektrum bei de Fraen ënnerdiagnostizéiert, well hir sozial Kompetenzen den Autismus oft verstoppen. 

    Laangfristeg awer kënnen d’Beméiunge vun de Fraen, déi vun Autismus betraff sinn, „ze maache wéi déi aner” zu Erschëpfung, Depressiounen oder Burnout féieren. Ee Mechanismus ënner villen, deen erkläert, datt vu Klengem un d’mental Gesondheet an d’Wuelbefanne systematesch manner gutt ass ewéi bei de Männer.

    Medezin vun a fir Fraen: Wousst Dir dat?

    Fir eng Patientin kann et heiansdo en Ënnerscheed maachen, ob si vun engem Dokter oder enger Doktesch betreit gëtt. Et war net ëmmer evident, datt een en Dokter vu sengem eegene Geschlecht consultéiere konnt. En Hommage un e puer Pionéierinnen am Grand-Duché. 

    D’Marcelle Dauphin war am Joer 1922 déi éischt Zänndoktesch am Land. D’Joer drop, 1923, koum d’Louise Welter no, déi éischt Generalistin, déi du Schouldoktesch vun der Stad Lëtzebuerg gouf. Ënner de Gynekologinne kann een nach d’Flore Kayl ernimmen, déi sech 1932 zu Esch etabléiert huet, an d’Elise Hannes, eng Kannerdoktesch a Gynekologin, déi sech 1934 an der Stad niddergelooss huet. 

    Déi éischt zwou Apdikteschen am Land waren d’Mari Lentz (gebuer 1896), déi d’Land 1925 mat hirem däitsche Mann verlooss huet, an d’Marguerite Delmotte (gebuer 1902), déi hiren Diplom am Joer 1928 krut a sech 1930 zu Esch etabléiert huet. 

    Quell: Dr. Henri Kugener (Semper Luxembourg)

    Ënnerdiagnostizéiert Häerzinfarkter

    Wéi d’World Heart Federation ënnersträicht, gi Fraen, déi vun Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge betraff sinn, opgrond vu falsche Virstellungen a feelender Sensibiliséierung vun de Patienten an den Dokteren ëmmer nach ënnerdiagnostizéiert an ënnerbehandelt. An deem Mooss, datt dat esouguer dozou féiere kann, datt Fraen éischter un engem Häerzinfarkt stierwe kënnen ewéi Männer.

    Dës Situatioun ass haaptsächlech op falsch Virstellungen zeréckzeféieren, besonnesch op déi wäit verbreete Meenung, datt méi Männer ewéi Frae vun Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge betraff wieren. Verschidde Symptomer vun den Häerzerkrankunge kënne sech och vun deene vun de Männer ënnerscheeden, a ginn dofir zum Beispill heiansdo op Angschtzoustänn zeréckgefouert. 

    Wousst Dir zum Beispill, datt de Prozentsaz vu Fraen ënner 50 Joer, déi en Häerzinfarkt kruten, sech an deene leschte 15 Joer verdräifacht huet an datt eng Fra am Fall vun engem Malaise am Zesummenhang mam Häerz 27 % manner Chancen huet, eng Häerzmassage ze kréien, wéi e Mann? 

    Initiativen zu Lëtzebuerg

    D’Menopause-Klinik vum CHL proposéiert zanter 2017 eng ëmfaassend a personaliséiert Prise en charge vun de Symptomer a Risiken, déi wéinst den hormonellen Ëmstellungen no de Wiesseljore verstäerkt optriede kënnen.

    Fir méi iwwer d’Menopause-Klinik gewuer ze ginn: chl.lu/fr/service/clinique-de-la-menopause

    Risikofacteure fir Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge bei de Fraen

    E puer wichteg Risikofacteure fir Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge gëlle souwuel fir Fraen ewéi och fir Männer. Dozou ziele besonnesch héije Bluttdrock, schlecht Ernärung, Iwwergewiicht, Mangel u Beweegung an en héije Cholesterolspigel. 

    Aner Facteure kënnen awer nach méi eng wichteg Roll spillen:

    • Diabeetes: Frae mat Diabeetes hu méi en héije Risiko, eng Häerz-Kreeslaf-Erkrankung ze entwéckelen ewéi Männer mat Diabeetes.
    • Fëmmen: Frae, déi fëmmen, hu méi en héije Risiko, eng Häerz-Kreeslaf-Erkrankung ze entwéckelen ewéi Männer, déi fëmmen.
    • D’Menopause: Duerch de Réckgang vum Östrogeenspigel no der Menopause klëmmt de Risiko, Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen ze entwéckelen.
    • Komplikatioune wärend der Schwangerschaft: Héije Bluttdrock oder Schwangerschaftsdiabeetes kënnen de laangfristege Risiko fir héije Bluttdrock, Diabeetes an Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen erhéijen.

    Zu Lëtzebuerg sinn Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen déi éischt Doudesursaach bei de Fraen a fuerdere sechsmol méi Affer wéi Broschtkriibs. Dofir gëtt alle Fra geroden, vu 50 Joer un e kompletten Häerz-Kreeslaf-Bilan maachen ze loossen.

    D'Gesondheetsversécherungen DKV Lëtzebuerg

    Entdecken