Wousst Dir, datt Dir Är zukünfteg Pensioun erhéije kënnt, andeem Dir perséinlech Cotisatiounen an Ären Zousazpensiounsplang abezuelt? Bis zu 1.200 € d’Joer, déi vun Ärem Bruttogehalt ofgezu kënne ginn, mat engem direkte steierleche Virdeel. Eng flexibel a gënschteg Léisung, och wann Dir den Employeur wiesselt.
#LALUXShorts Perséinlech Cotisatiounen
Ären Employeur huet en Zousazpensiounsplang fir Iech ageriicht? Super! Dee kann Iech en zousätzlecht Akommes fir d'Pensioun erméiglechen an e Kapital am Fall vun Doud oder Invaliditéit.
Awer Dir kënnt nach méi wäit goen! Dir kënnt perséinlech Bäiträg abezuelen, an dat bis zu 1.200€ pro Joer, also 100€ de Mount. An dat Bescht dodrun? Dës Bäiträg ginn direkt vun Ärem Brutto-Gehalt ofgezunn, wat Äert steierlecht Akommes all Mount reduzéiert!
Zum Beispill, Bei engem Steiersaz vu 25%, kascht Iech e Bäitrag vun 100€ nëmme 75€ de Mount. Dir entscheet fräi wéi vill Dir all Mount wëllt abezuelen, a kënnt dëse Bäitrag all Joer upassen.
An wann Dir de Patron wiesselt? Kee Problem! D'gespuerten Zomme gehéiert definitiv Iech a verschidde Léisunge bestinn fir dës z'erhalen.
Nach e Virdeel: Wann Dir an d'Pensioun gitt, kritt Dir Är Erspuernis als eemolegt Kapital ausbezuelt, an dat ass komplett steierfräi zu Lëtzebuerg.
Firwat also net dovu profitéieren? Frot bei Ärem Patron no a boost Är Pensiounserspuernis elo!

