An d’Pensioun goen, gëtt dacks als en neit Kapitel am Liewen ugesinn. Et ass net nëmmen d’Enn vum Beruffsliewen, mee och eng Zäit, déi sech gutt eegent, fir seng Passiounen ze verwierklechen, sech sozial ze engagéieren a seng Erfarunge weiderzeginn. Mee fir dat Bescht draus ze maachen, ass et wichteg, sech gutt ze preparéieren. Hei ass e Guide, deen Iech dobäi hëllefe soll, dës nei Etapp gutt virzebereeden.
En Iwwergang an e puer Etappen
D’Beruffsliewen opginn, dat geschitt net vun haut op muer. Den Iwwergang ass mat enger emotionaler Aarbecht verbonnen, déi engem Trauerprozess gläicht: Dir loosst eng Identitéit, Routinnen, e soziale Status a Bezéiungen hannert Iech, déi Äert Liewen iwwer Joerzéngte strukturéiert hunn. Dësen Iwwergang kann, jee no Persoun, ganz ënnerschiddlech Emotiounen ervirruffen: grouss Erliichterung a Begeeschterung fir déi nei Fräiheet oder éischter Bedenke géintiwwer dem Onbekannten, e Gefill, net méi sou nëtzlech ze sinn oder Angscht virun der sozialer Isolatioun …
Dës Transitioun geléngt deene Leit am beschten, déi sech aktiv drop virbereeden. Bei dëser Preparatioun geet et net eleng ëm déi administrativ a finanziell Aspekter, mee och ëm déi psychologesch, sozial a perséinlech Dimensiounen. Wat Dir Iech am Viraus méi Gedanken doriwwer gemaach hutt, wat Dir mat där nei gewonnener Zäit ufänke wäert, wat Dir dës Etapp besser erliewen a méi séier en neit Gläichgewiicht fanne wäert.
Schléisst Är berufflech Karriär richteg of
Huelt Iech an de Méint virun Ärem Depart Zäit, fir Är lafend Dossieren ofzeschléissen an d’Transmissioun vun Äre Kompetenzen un Ären Nofollger ze plangen. Dës Transitiounsperiod ass net nëmme fir Ären Employeur, mee och fir Iech selwer wichteg. Zesummefaassend Dokumenter iwwer Är Haaptaufgabe verfaassen, Är berufflech Partner iwwer Ären Depart informéieren an dofir suergen, datt Är Aarbecht reibungslos fortgesat ka ginn, all dat erlaabt Iech, mat engem rouege Gewëssen a mam Gefill vun enger ofgeschlossener Aarbecht fortzegoen.
Ënnerschätzt och net d’symbolesch Wichtegkeet vun engem Abschidspatt. Dee markéiert offiziell d’Enn vun enger Ära an den Ufank vun enger neier. Et ass e Ritual, dat hëlleft, senge Kolleegen an engem gesellege Kader Äddi ze soen, säi beruffleche Parcours unzeerkennen an esou d’Blat mat engem gudde Gefill ëmzedréinen an e brutale Broch mat senger berufflecher Vergaangenheet ze evitéieren.
Finanziell virsuergen
De finanziellen Aspekt ass immens wichteg a soll gutt preparéiert ginn, fir datt Dir a vollen Zich vun dësem neie Moment an Ärem Liewe profitéiere kënnt.
Fänkt un, andeems Dir Är Ressourcen evaluéiert: Heizou zielen Är Rentenuspréch, Är Erspuernesser an Är eventuell Placementer. Fir Är Ressourcen ze maximiséieren, hutt Dir vläicht eng Altersvirsuerg wéi easyLIFE Pension ofgeschloss oder profitéiert iwwer Äre Betrib vun enger Zousazpensiounsversécherung.
De Betrag, deen Dir zegutt hutt, kënnt Dir mat eisem Pensiounssimulator (neien Tool) evaluéieren
Fir esou gutt ewéi méiglech ze verhënneren, datt d’Pensioun mat engem Akommesverloscht verbonnen ass, kënnt Dir Iech gär un en Expert wenden, fir Iech iwwer déi verschidden Optioune vun Zousazpensiounen oder Spuerléisungen ze informéieren.
Gutt ze wëssen: Dir kënnt bis zum Dag virun Ärem 65. Gebuertsdag eng Zousazpensioun ofschléissen. Mat dësem Kontrakt kënnt Dir ausserdeem direkt vu Steierreduktioune profitéieren.
Duerno ass et unzeroden e Budget opzestellen. Esou kënnt Dir Är Besoinen ermëttelen an Är Ausgaben upassen. Verschidden Ausgabe gi mam Enn vun Ärer berufflecher Aktivitéit automatesch zeréck: Transport vun doheem op d’Aarbecht, auswäerts iessen, Aarbechtskleedung... Anerer kënnen awer klammen: Fräizäit- oder kulturell Aktivitéiten, Reesen an – mat zouhuelendem Alter –Gesondheetskäschten.
Iwwerdenkt Är Wunnsituatioun
Dir wäert elo vill méi Zäit bei Iech doheem verbréngen. Et ass deemno wichteg, Iech d’Fro ze stellen, ob Är aktuell Wunneng bei dës nei Realitéit passt. Ass Är Wunneng altersgerecht, ouni schwiereg Trapen, mat engem gesécherte Buedzëmmer? Ass den Opwand, fir se an der Rei ze halen, gerabel, sief et fir de Gaart oder e grousst Haus? Braucht Dir wierklech déi ganz Plaz oder hätt Dir léiwer eppes méi Zweckméisseges? A schliisslech, sidd Dir zefridde mat Äre Relatioune mat den Noperen an droen dës zu Ärem deegleche Wuelbefanne bäi?
D’Liewen als Koppel an der Pensioun geréieren
Wann ee vu 40 Stonnen d’Woch getrennt sinn op 24/24 zesumme sinn iwwergeet, kann dat schonn emol zu Spannunge féieren. D’Koppel muss sech nei upassen an hir Liewensreegelen nei definéieren. D’Kommunikatioun tëschent de Partner ass immens wichteg, fir all Mëssverständnes ze vermeiden. En oppenen Austausch iwwer Är jeeweileg Dreem, Erwaardungen a Bedenke ka scho laang virun der Pensioun stattfannen. Ideal ass et, en Equiliber tëschent gemeinsamen an individuellen Aktivitéiten ze fannen. Sicht zesumme Projeten eraus, déi Dir als Koppel erliefe wëllt, wéi z. B. Reesen oder kulturell Aktivitéiten, a respektéiert dem Eenzele säi Besoin no Autonomie. All Partner muss seng perséinlech Hobbyen a seng Fräiraim bäibehale kënnen, och an enger méi klenger Wunneng. Ootme kënnen ass fir jidderee wichteg, fir e Gefill vun Erstécken ze verhënneren.
Këmmert Iech ëm Iech selwer
Dir kënnt Iech a Yoga- oder Meditatiounscoursen aschreiwen oder aanescht sportlech aktiv ginn oder bleiwen. Dat ass net nëmme gutt fir d’Moral, mee erlaabt Iech och, Iech weider ze beweegen an Iech ëm Är Gesondheet ze këmmeren.
Fir a vollen Zich vu senger Pensioun profitéieren ze kënnen, ass et effektiv wichteg, datt ee bei gudder Gesondheet ass. Vu 65 Joer u sollt ee besonnesch gutt dorop opzepassen. Denkt dofir reegelméisseg un déi follgend medezinesch Checkuppen:
- Bilan cardiovasculaire a Kontroll vum Bluttdrock
- Fréierkennung Daarmkriibs
- Bilan Ophtalmologique
- Fréierkennung Osteoporos
D’Recommandatioune kënne vun den individuelle Besoinen an de Virerkrankungen ofhänken. Consultéiert e Gesondheetsdéngschtleeschter, fir individuell beroden ze ginn.
Fleegt Är sozial Kontakter
D’Pensioun kann heiansdo zu Isolatioun féieren, wann een net drop oppasst, seng Bezéiungen ze fleegen. Fir deem entgéintzewierken, plangt reegelméisseg Treffen, gitt mat Äre Frënn oder fréiere Kolleegen e Kaffi drénken a benotzt déi nei Technologien, fir mat Äre Léifsten a Kontakt ze bleiwen, och wann der wäit vuneneen ewech sidd.
Denkt un Är Hobbyen
D’Pensioun ass déi ideal Geleeënheet, fir sech Hobbyen ze widmen, déi een aus Zäitmangel laang vernoléissegt huet. Et ass och e gudde Moment, fir nei Passiounen ze entdecken. Molerei, Musek, am Gaart schaffen … probéiert aus, wat Iech Spaass mécht. Profitéiert och, fir ze reesen a Plazen ze entdecken, déi Dir schonn ëmmer eng Kéier gesi wollt.
Engagéiert Iech am soziale Beräich
De Benevolat ass eng exzellent Manéier, fir Är Kompetenzen an den Déngscht vun enger Saach ze stellen, déi Iech um Häerz läit, sief et am sozialen, kulturellen a sportleche Beräich oder an engem Veräin. Iwwer déi geleeschten Hëllef eraus schaaft Benevolat sozial Bindungen a vermëttelt engem dat wäertvollt Gefill, gebraucht ze ginn. Sicht Iech eng Saach eraus, déi Iech passionéiert: Ob Educatioun, Ëmwelt oder Hëllef fir déi Vulnerabel oder fir Déieren, fannt eraus, wou Dir gebraucht kënnt ginn.
Och Initiativen an de Quartieren oder Gemeinschaftsprojete si gutt Weeër, fir u lokalen Aktivitéiten deelzehuelen. Dir kënnt och Evenementer organiséieren ewéi Treffe mat Ären Noperen, e Liesclub grënnen oder kulturell Sortien ënnerhuelen. An denkt och u Clibb fir Senioren: Dat si gutt Plazen, fir Leit kennenzeléieren an u verschiddenen Aktivitéiten, Ausflich, Fester oder Molzechten deelzehuelen.
Hëlleft Äre Kanner oder Äre Léifsten
Wann Dir Kanner hutt, kann Är Roll sech weiderentwéckelen, andeems Dir hinne méi Ënnerstëtzung ubitt. Är Enkelkanner versuergen oder de Kanner finanziell bei Projeten ënner d’Äerm gräifen, Är Erfarung an Är Ressourcë kënne ganz wäertvoll sinn. Schaaft och Momenter oder Diskussiounen, an deenen Dir Är Kompetenze kënnt weiderginn, z.B. bei Aarbechten an hirem Haus oder mat deem Rezept, dat nëmmen Dir kennt.
Eng gutt virbereete Pensioun ass eng voll ausgeliefte Pensioun
D’Pensioun virbereeden ass e Prozess, deen Iwwerleeung an Organisatioun erfuerdert. Wann Dir Iech matzäit mat de finanziellen Aspekter befaasst, Iech a Fräizäit- a sozialen Aktivitéiten engagéiert an Är emotional Bindunge fleegt, kënnt Dir dësen neie Liewensabschnitt entspaant a mat Begeeschterung ugoen. All Pensioun ass eenzegaarteg a verdéngt et, a vollen Zich genoss ze ginn, gitt also matzäit aktiv a schafft e Projet aus, dee bei Iech passt! Mir hoffen, datt dëse Guide Iech hëlleft, besser mat Ärem Antrëtt an d’Pensioun ëmzegoen an Iech en neit, erfëllt a beräicherend Liewen opzebauen.
Fir nach méi detailléiert Informatiounen, consultéiert de Guide “Virbereedung op d'Pensioun” vum Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil.
Méi zum Thema
PräventiounEntdeckt
easyLIFE Pension

![[Translate to Lëtzebuergesch:] Bien vivre sa retraite [Translate to Lëtzebuergesch:] Couple âgé souriant](/fileadmin/_processed_/c/4/csm_couple-heureux-retraite_f37778ac27.jpg)
