Bei LALUX handele mir konkreet, fir eisen ekologesche Foussofdrock ze reduzéieren. Entdeckt eis Engagementer an eis Aktioune fir eng méi nohalteg Entreprise.
#LALUXShorts Ekologesche Foussofdrock
Dat Wesentlecht, kuerz a knapp
Säin ekologesche Foussofrdock moossen a reduzéieren...eng wichteg Moossnam fir Entreprisen.
Mee wéi kënnt een eigentlich dohinner?
Loosst eis e puer vun de Moossname vu LALUX méi genee ukucken:
- All d'Bieren am Gebai sinn duerch LED-Bieren ersat ginn, wat dozou gefouert huet, datt eise Stroumverbrauch sech ëm méi wéi 50% reduzéiert huet.
- D'Beliichtung am Parking gouf vun 100 % op 20 % erofgeschrauft.
- D'Zëttären, déi um Daach vum eisem Gebai sinn, an dat zanter sengem Bau am Joer 2011, sammelen d'Reewaasser fir ze netzen a fir d'Sanitäranlagen.
- De Sprangbuer virum Gebai, deen all Dag bis zu 40 Liter Waasser verluer huet, gouf an eng Gréngfläch ëmgewandelt.
Am Laf vun der Zäit wäerte mir weider analyséieren op wéiengem Niveau mir handele fir eisen ekologesche Foussofdrock weider ze minimiséieren.

