D’Wuelbefanne vun de Mataarbechter steet am Zentrum vun eise Prioritéiten. LALUX setzt sech aktiv dofir an, en equilibréiert a motivéierend Aarbechtsëmfeld ze schafen.
#LALUXShorts Wuelbefannen op der Aarbechtsplaz
Mam Zil d'Wuelbefanne vun de Mataarbechter ze fërderen, wëll LALUX en agreabelt a gesond Aarbechtsëmfeld schafen.
Fir d'Work-Life Balance ze verbesseren, bidde mir an eisem Gebai:
- e Fitnessraum,
- eng Crèche
- an eng Conciergerie.
LALUX ass och den eenzegen Assureur, deen en Zäitspuerkont ubitt, op deem de Congé, deen am Joer net geholl gouf, ka gesammelt ginn, fir da spéider dovun ze profitéieren.
Eis Mataarbeschter hunn och Zougang zu engem Restaurant, enger Brasserie an eisem Micromarket. Dësen huet d'Zil fir d'Liewensmëttelverschwendung ze bekämpfen andeems d'Platen, déi mëttes net verkaaft goufen, fir matzehuelen ugebuede ginn. Esou brauch een owes och net méi ze kachen. Ausserdem ginn d'Suen, déi esou erakommen, engem gudden Zweck gespend.

