Schéint Wieder bedeit dacks Wanderungen an der Natur, Picknicken am Bësch oder Spillen am Gaart. Mee opgepasst: D’Zecken, déi kleng Spannendéieren, déi ee mat bloussem A kaum gesäit, kënnen aus dësen entspaante Momenter eescht gesondheetlech Problemer maachen. D’Zecke kënnen effektiv schwéier Krankheeten iwwerdroen, wéi d’Borrelios, och Maladie de Lyme genannt. Hei sinn eis Rotschléi, fir Iech effikass ze schützen – an am Fall vun engem Bass séier ze reagéieren.
Firwat soll ee sech virun Zecken an Uecht huelen?
D’Zecke liewen am héije Gras, am Gestrëpp, an de Bëscher oder esouguer an den urbane Gäert. Si bäisse sech an der Haut fest, fir sech mat Blutt vollzesaugen. Wat ass dorunner geféierlech? D’Zecke kënne Bakterien oder Viren iwwerdroen, déi Infektiounen ervirruffe kënnen, wouvun d’Maladie de Lyme déi bekanntsten ass.
Kanner a Leit, déi sech vill am Fräien ophalen (Wanderer, Gäertner, Leit, déi mat Hënn spadséiere ginn), si besonnesch dëser Gefor ausgesat.
5 Reflexer, fir Zeckebëss ze verhënneren
Drot Kleeder, déi Aarm a Bee bedecken: laang, hell Kleeder (fir d’Zecke besser ze erkennen), zoue Schong
Stiecht d’Box an d’Strëmp, wann Dir am Bësch oder am héije Gras spadséiere gitt
Benotzt e gëeegent Insekteschutzmëttel, besonnesch a Risikogebidder
Evitéiert héicht Gras an d’Ënnerholz sou wäit wéi méiglech
Ënnersicht systematesch Äre Kierper (an dee vun Äre Kanner) no all Ausfluch: Kapphaut, Oueren, ënnert den Äerm, Knéikaulen, Nuebel, Intimberäich asw.
Wat maache bei engem Zeckebass?
Keng Panik, mee handelt séier, fir de Risiko ze miniméieren, datt d’Bakterie vun der Maladie de Lyme iwwerdroe gëtt:
Benotzt keen Desinfectant éier Dir d’Zeck erauszitt. Dat kéint dozou féieren, datt d’Zeck sech iwwergëtt. D’Borellia-Bakterie, déi am Spaut vun den Zecke present a fir d’Maladie de Lyme verantwortlech ass, kéint esou fräigesat ginn.
Zitt d’Zeck esou séier ewéi méiglech eraus a benotzt dofir eng Zeckenzaang, déi een an der Apdikt ze kafe kritt. Benotzt keng Pincette, well domat kéint Dir d’Zeck zerdrécken. Paakt se esou no wéi méiglech un der Haut an dréit se duuss géint d’Auer eraus.
Desinfizéiert de Beräich, nodeem Dir d’Zeck erausgezunn hutt.
Notéiert Iech den Datum an d’Plaz vum Bass fir en eventuelle Suivi.
Passt an den nächsten Deeg oder Wochen op, ob eventuell Symptomer optrieden: rout Kreesser ronderëm d’Plaz vum Bass, Féiwer, ongewéinlech Middegkeet, Péng an de Muskelen oder de Gelenker.
Gitt bei den Dokter, wann e verdächtegt Symptom optrëtt.
Am Resumé
Zecke kommen zu Lëtzebuerg dacks vir, besonnesch vum Fréijoer bis an den Hierscht eran
Et gëtt een net ëmmer krank, wann ee gebass gëtt, mee d’Preventioun ass awer immens wichteg
Am Fall vun engem Bass, reagéiert séier an iwwerwaacht d’Symptomer
Wann Dir en Zweiwel hutt, consultéiert am beschten e Gesondheetsdéngschtleeschter
De beschte Schutz fir Är Gesondheet
EASY HEALTH