Infoen & Tools / FAQ / Bei mir doheem gouf agebrach. Wat muss ech maachen?

Bei mir doheem gouf agebrach. Wat muss ech maachen?

Wann Dir Affer vun engem Abroch gouft, da bleift virun allem roueg a befollegt wa méiglech déi follgend Rotschléi:

  • Informéiert esou séier ewéi méiglech d'Police a maacht eng Plainte;
  • Besäitegt keng Spueren, éier d'Policebeamten op der Plaz sinn;
  • Ënnerhuelt déi néideg Schrëtt, fir en zweeten Déifstall ze verhënneren. Loosst en neit Schlass abauen oder déi futtis Fënster ersetzen;
  • Versuergt déi ersate Stécker gutt, si kënne fir d'Ermëttlung nëtzlech sinn;
  • Informéiert Äre Versécherungsagent oder LALUX iwwer de Virfall;
  • Stellt eng éischt Lëscht vun de Géigestänn op, déi geklaut goufen. Vergiesst net d'Remark „Ënnert dem Virbehalt vu spéideren Entdeckungen” derbäizesetzen. Dacks mierkt Dir eréischt no e puer Deeg, datt deen een oder anere Géigestand, deen Dir net all Dag benotzt, feelt. Sicht d'Rechnungen, d'Schätzungen oder aner Beweiser eraus a leet se bei dës Lëscht.