Infoen & Tools / FAQ / Ech hu mir grad mäin éischten Auto kaf a wëll e versécheren. Wéi gesäit meng „Bonus-Malus”-Astufung aus?

Ech hu mir grad mäin éischten Auto kaf a wëll e versécheren. Wéi gesäit meng „Bonus-Malus”-Astufung aus?

All neie Preneur d'Assurance gëtt am Grad 11 op der Bonus-Malus-Skala agestuuft.
An den nächste Versécherungsjore variéiert d'Primm follgendermoossen:

  • wann am Laf vun engem Beobachtungszäitraum, wärend deem d'Assurance gelaf ass, kee Schued optrëtt, da geet d'Astufung op der Bonus-Malus-Skala ëm ee Grad erof. D'Astufung ka bis op de Grad -3 erofgoen, d. h. bis op 45 % vun der Basisprimm;
  • all Schued am Laf vun engem Beobachtungszäitraum bewierkt, datt d'Astufung ëm 3 Graden an d'Luucht geet. D'Astufung ka bis op de Grad 22 eropgoen;
  • no 4 Joer hannerteneen ouni Schued kann den Astufungsgrad awer op kee Fall méi héich ewéi 11 sinn.